Commentaire vum Roy GrotzProtestwieler maacht Iech prett!

Déi däitsch AfD bekennt Faarf a gëtt sech e Parteiprogramm, deen de kloren Anti-Islam-Cours vun där Partei an en Text betonéiert. D'Partei wëll Minaretter verbidden, grad wéi och all Zort vu Voile fir moslemesch Fraen. Och de konter-europäesche Cours vun der rietser Anti-Partei ass zanter e Sonndeg aktéiert - kee kann elo méi soen, datt en net wéisst, wat sech hannert der "Alternative für Deutschland" verstoppt. Dat mécht dem Roy Grotz Suergen, dee Parallelen op Lëtzebuerg zitt ...

ADR Protestwieler / Commentaire vum Roy Grotz



Mä éier een déi ka maachen, muss een emol verstoen an héieren, wat do bei der AfD op hirem Parteidag zu Stuttgart gestëmmt an diskutéiert gouf ... u sech faasst ee Saz vum Parteichef Jörg Meuthen alles zesummen: "Mir wëllen ewech vun dësem, vu lénks-roud-gréng verseuchten 68ger-Däitschland" - a fir nach eng drop ze ginn heescht et dann vun deem Ecos-Prof, datt ee "verseucht" och nach kann duerch "versifft" ersetzen. Ech iwwerloossen et all Mënsch selwer, fir an der däitscher Geschicht ze gruewen an nozekucken, wéi aner populistesch Mouvementer hire Wee gemaach hunn a wéi se esou salonfäeg gi sinn, datt se net méi zu Polit-Pariae gehéiert hunn, mä duerchaus konnte gewielt ginn.

D'AfD steet a fir d'däitsch Famill, d'däitsch Kultur, den däitsche Patriotismus - u sech näischt per se schlechtes - deem géintiwwer steet, datt den Islam soll hanner décke Maueren endiguéiert ginn, datt d'Immigratioun limitéiert an den Euro ofgeschaf gëtt.

A no den dräi Landes-Wahle kann d'AfD mat héijem Kapp dës Parolen eraus ginn a setzt souguer mam Albrecht Glaser, de Parteichef adjoint, an d'Cours, fir däitsche President ze ginn. Natierlech denkt een elo direkt u Frankräich, wou de Front National déi selwecht Strategie mat vill Succès den Ament verfollegt.

Kloer ass et elo net méiglech, eng Eent-zu-Eent-Relatioun tëscht eise Nopeschlänner an der Droite respektiv dem rietspopulisteschen Milieu hei am Land ze zéien - e Land, wuel ze kleng fir extrem politesch Tendenzen ze transportéieren, ee Land awer och, wou de Polit-Konsens ëmmer méi duerch decidéiert-staark an zum Deel tendenziéis Positiounen ersat gëtt.

D'ADR mat enger AfD gläichzestellen, wier der lëtzebuerger Partei scho bal ze vill Éier gemaach, mä genee wéi an Däitschland, stellt d'ADR mat hiren 3 Deputéierten och hei am Land éischter e Problem fir déi etabléiert Parteien duer. Mat engem stramm konservative Cours, zum Beispill an der Familljepolitik, kann d'ADR vun der CSV Wieler gewannen, idem zum Beispill an enger Burka-Positiounen, wou et eenzel CSV-Mandataire selwer sinn, déi d'Lutte fir e gesetzlecht Verbued vum Voile féieren - d'ADR hält sech wéineg voiléiert an affichéiert sech als Matkämpfer vun der CSV.

En aneren Problem kann d'ADR fir d'DP, d'LSAP an Déi Gréng duerstellen. Manner als Partei, mä andeems eng Ambiance verbreed gëtt, datt ee kengem Politiker méi kann trauen - Protestpartei eben. A Protestwieler wäerte mer der hei am Land zu zeg dausenden 2018 kréien. Protest géint d'Politik vu Gambia, Roserei iwwert ze vill Annoncen an ze mann Geleeschtem an einfachen "ras le bol" géint d'erofloossent Aart a Weis vun enger Parti Politiker - eppes, wouriwwer sengerzäit jo och schonn d'CSV gefall war - an hei kéint de Kont fir d'ADR, genee wéi an Däitschland fir d'AfD definitiv opgoen.

Och elo mam Alex Penning eng Stëmm am Staatsrot ze hunn, legitiméiert natierlech och eng Partei an etabléiert se!

Genee wéi d'AfD kéint also och d'ADR duerchgoen als DEI Partei, déi et "deenen Décken" mol richteg weist; datt grouss Volleksparteien esou Leit an de brongen Eck stellen, mécht SE nach méi staark a sécher net méi schwaach.

A lo kritt mat all Deem d'CSV e Problem, wëll och dës Oppositiounspartei Sujete besetze muss, déi sech just d'ADR getraut huet, fir ze thematiséieren. Virop natierlech d'Flüchtlingskris, wou éischter d'Problemer vun der Integratioun vun dëse Leit avancéiert ginn, wéi d'Chancen, déi mat dëser Immigratioun verbonne sinn. A wann op eemol op méi Gesetzer d'CSV wéi d'ADR ofstëmmt, dann ass et guer net méi dran, fir sech anstänneg ofzegrenzen. Et gëtt interessant z'observéieren, wéi sech d'Parteie vum rietser Bord bis hin zur Mëtt an der Wahlcampagne affichéieren a wou d'inhaltlech Differenzen nach wäerte leien.

Op eemol wier et vläit awer duerchaus sënnvoll, fir der aktueller Koalitioun de Réck nach eemol 2018 ze stäerken, mä op SI 3 och nach an 2 Joer mat enger Stëmm schwätzen, ass alles wéi acquis?! Wann et drëms geet awer eng Koalitioun vun der Droite ze verhënneren, kéint de Pendel nach eemol zu blo-roud-gréng ausschloen...
Mä wat ass nees an 2 Joer?

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.