Commentaire vum Guy KaiserPressefräiheet

Gëschter war den internationalen Dag vun der Pressefräiheet. E puer Iwwerleeungen vun eisem Chefredakter Guy Kaiser

An eisem Breitegrad e Begrëff, mat deem ech net wierklech eppes kann ufänken. A menge 37 Joer als Journalist sinn ech nach ni festgeholl ginn, krut net de Prozess gemaach, gouf net an e Goulag geschéckt. Bei eis plätschert alles vru sech hinn, esou wéi d'Uelzecht duerch d'Wisen zitt. Wat awer net wëll bedeiten, datt alles zum Allerbeschte stéing. De Journalist krut et grad an der Lescht net méi einfach gemaach, fir zu Informatiounen ze kommen. Vill kommunal a staatlech Verwaltungen hunn zousätzlech Poste geschafen, wéi attaché de presse oder porte-parole, an déi wéinegst vun dësen net onsympathesche Leit wëssen, wat de Reporter gären hätt. Déi wéinegst wëssen, datt de Journalist en ongedëllege Mënsch ass, dee grad un engem Dossier schafft, deen hien an de beschtméiglechsten Delaien wëll ofschléissen. Dës Leit heeschen zwar attaché de presse, sinn awer nach laang net ëmmer déi grouss Hëllef, am Géigendeel: si verweisen un anerer, siche verzweiwelt no Interlocuteuren a komme mat hirer Äntwert, wann de Journalist seng Aarbecht iwwer aner Weeër zu Enn bruecht huet. Wann dann awer en Interlocuteur bis fonnt a responsabiliséiert ass, muss de  Kolleg seng Froen eraginn, och wann et sech ëm e banale Sujet handelt. D'simplification administrative léisst gréissen.

Zugläich liewe mir an engem Land, wou der Regierung keng Zeitung gehéiert, dem Journalist also net ka virdiktéieren, wat méi no oder méi wäit ewech vun der Wouerecht ass. Wat awer ëmgedréit net verhënnert, datt Zeitungen kënnen eng Regierung esou laang an d'Pan klaken, bis datt déi staatlech finanziell Ënnerstëtzung fir déi geschriwwe Press no hirem Gusto ass, wëll heeschen, net méi kleng, éischter méi gefälleg ausfält. A wann d'Welt dann nees an Uerdnung ass, da kann een dem Lieser de Message mat op de Wee ginn: esou schlecht ass Gambia net, gitt hinnen eng Chance. Och déi Iwwerleeung fält ënner d'Pressefräiheet.

A schliisslech nach dat heiten: an Däitschland - eng vun de beschten Demokratien an Europa- ginn ëmmer méi Leit dervunner aus, datt d'Press op déi eng oder aner Manéier "ferngesteiert" ass, also vu Politik, Patronat, Gewerkschaften, sech villäicht esouguer vun eegenen Interessi dirigéiere léisst. Datt Vox Populi munnechmol nieft der Plack läit, ass gewosst, an nawell soll de Journalist sech vun Zäit zu Zäit d'Fräiheet huelen, a sech selwer a Fro stellen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.