Commentaire vum Guy KaiserD'Personal am Gesondheetssecteur

Zanter e leschte Freideg gëtt vill iwwer en neit Déiereschutzgesetz geschwat. Ma et kann een och iwwer de Mënscheschutz diskutéieren, mengt de Moien am Commentaire de Guy Kaiser.

De Commentaire vum Guy Kaiser.



Jo, ech muss gestoen : ech hat bis ewell Chance a war nach ni fir e grousse Problem an enger Klinik, ausser fir déi eng oder aner Routinekontroll. Duerch mäin Entourage awer hunn ech dach dat eent oder anert erlieft a kommen zu der Konklusioun : do ginn et vill Leit am Gesondheetssecteur, déi schaffe richteg gutt, si professionell, héich engagéiert, behandelen de Patient als Mënsch, an net als Nummer, als Facteur « x » dee fir e puer Deeg Suen abréngt an duerno sech séier soll aus dem Stëbs maachen. An awer ginn et Situatiounen, wou ee just de Kapp ka rëselen. Engem Mann platzt eng Wonn am Bauch, et heescht vum Personal, hie kéint eventuell d’Nuecht net iwwerliewen, ma d’Doktesch geséich kee Besoin, vun hirem Owendiessen opzestoen an ze operéieren. D’Persoun kënnt in extremis an den OP.

Eng aner Persoun geet an d’Urgence, gëtt vun Dokter zu Dokter geschéckt, kritt ëmmer déi nämmlecht kleng Untersuchunge gemaach, well, wéi duerch en informatescht Wonner kënnt deen een Dokter net an deem anere säi Programm eran, also gëtt villes dräimol verrechent. Wat reegt Dir Iech och op ?! Kascht jo näischt ! D’Krankekeess iwwerhëlt jo souwisou !

Eng eeler Damm gëtt mat engem Hireschlag ageliwwert. D’Klinik, déi Déngscht huet, ass iwwerlaf. Waardezäit tëscht 2 an 3 Stonnen. Prioritéit kritt nach e klenge Jong, dee sech de Fouss gebrach huet. Näischt géint de Béifchen, ma handelt et sech do net ëm e krasse Berufsfeeler ? Di Persoun muss elo recuperéieren, esou wäit et méiglech ass. Ech kommen op Besuch, hiert Owendiessen läit um Buedem, soll se dach kucken, datt se eens gëtt. Wann een da probéiert, héiflech mam Personal a Kontakt ze kommen, kritt een d’Äntwert : loosst eis eis Aarbecht maachen.

Iwwregens, a verschiddene Kliniken si verschidden Infirmièren an Aide-soignanten esou geklufft, datt ee mengt, et wier een an engem Parfumsgeschäft an der Groussgaass ; an der Schoul goufen si eppes aneschters geléiert : Respekt weisen vis-à-vis vun alen a kranke Mënschen, keng Bijoux, kee Lëppestëft, keng gefierften Neel, och aus hygienesche Grënn. Déi Persoun gëtt also gefleegt, déi al Kleeder ginn an de Schaf gejummt, ouni se an eng Plastikstut ze maachen ; an enger Geriatrie ass dat aalt Gezei nun awer….nu jee, Dir verstitt, wat ech wëll soen. Vun enger anerer eelerer Damm, déi nach gutt am Kapp ass, krut ech ze héieren : an der Nuecht gëtt net Pipi gemaach, do muss gewaart gi bis Moies fréi !

Ech hunn elo nëmmen Negatives opgezielt ; wéi gesot, et gëtt och dat anert Personal, an déi sinn, wéi ëmmer d’Daboen, déi d’Aarbecht vun deenen anere matmaachen. Viru Joer huet eng kleng Klinik dermatter ugefaangen, dem Patient no senger Behandlung e Froebou heem ze schécken, wou ee konnt säin Openthalt bewäerten. Dat ass deen eenzeg richtege Wee, well och an enger Klinik mat schéiner Fassade geschéie Saachen, déi net solle virkommen.

Ech kucken op d’Auer am Zëmmer vum Patient : et ass hallwer 6…dobäi ass et hallwer 7. Ma fir eeler Persounen spillt d’Zäit jo kee Rullo méi…déi nächst Wanterzäit kënnt bestëmmt. Geet et och hei just ëm de Fric ? Dat wär schéin traureg !


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.