Commentaire vum Eric Hamus"Donald Trump for President"

Ee Saz, dee vill Leit erschudderen deet, net nëmmen baussent den USA. An de Staate selwer huet den ëmstriddene Milliardär elo d'Nominatioun fir d'Presidentiellen esou gutt wéi sécher. Allerdéngs huet den Trump a ville Sondagen nach een enorme Réckstand op d'Hillary Clinton an de Bernie Sanders. An héichrangeg Republikaner probéieren hiren beschte Kandidat nach vum Troun ze stoussen. Et sinn dofir net nëmmen déi ongewéinlechst Wahlen an der Geschichte vum Land, ma och déi ondemokratechst, fënnt den Eric Hamus.

An den USA mecht zanter Wochen schonn ee bestëmmten Witz d'Ronn: "Egal ween Präsident gëtt, et gëtt eng Première: Soit hunn mer déi éischt Fra als Präsidentin, den éischten Sozialist oder den éischten Alien".

A mat Sozialist ass net den Donald Trump gemengt. Ass dem Bernie Sanders säin Succès mat sengen fir d'USA dach ongewéinlech lénksen Positiounen schonn zimlech ongewéinlech, esou huet dem Trump säi Parcours an de leschte Méint nach méi Kritiker verstomme gedoen. Mech kann ee lues awer sécher och dozou zielen.

Verstitt mech net falsch: Ee President Trump wier fir d'USA eng Katastrophe. Fir hir Economie, hir Gesellschaft an virun allem hiren Ruff an der Welt.

Méintelaang war ech der Meenung, oder besser gesot "hunn ech gehofft", datt de Gros vun den US-Wieler dat fréier oder spéider och esou gesäit. Datt dem Trump säin Erfolleg um Fanatismus vu senge Supporter baséiert an um dach spezielle Charakter vun den US-Virwahlen. Mat grousser Regelméissegkeet nämlech huet den ëmstriddene Milliardär d'Frae virun de Kapp gestouss, d'Migranten, de Mëttelstand an déi Jonk. Alles Wieler-Gruppen, ouni déi een an den USA keng Wahle ka gewannen. Seng eege Partei steet net hannert ëm, d'prominent Republikaner dréinen ëm de Réck an déi mat de Suen am Hannergrond, wéi d'Koch-Bridder, hunn antëscht och schonn de Geldkrunn zougedréint. D'Sich no engem drëtte Kandidat, engem "White knight", leeft op Héichtouren.

Well den Trump respektéiert mol net seng eege Partei. "D'Partei heescht republikanesch Partei. An net konservativ Partei", esou den Donald nach virun e puer Deeg an engem Interview. Deemno stéisst en och de konservative Fliggel vu senger eegener Partei virun de Kapp. Ma wee bleift dann nach iwwreg? An d'Äntwert op déi Fro misst ville vu senge politesche Kontrahenten ze denke ginn - ob elo an der eegener Partei oder um lénke Bord: Dat normaalt Vollek.

Loung de Retard vum Trump an de Sondagen virun enger Woch nach bei 14 Punkten hunn déi neisten Etude de Milliardär fir déi éischte Kéier an "striking distance" bruecht, wéi den Amerikaner géing soen. Dem Sondage vun der Quinnipac Universitéit no huet den Trump elo an den 3 wichtegsten Swing-States mam Hillary Clinton gläich gezunn. An de leschte Wahlen waren et ëmmer nees dës 3 Staaten Ohio, Florida an Pennsylvania, déi eng Decisioun bruecht hunn. Am Ohio huet den Trump elo esouguer minimal d'Nues vir.

Nach Ufank 2007 sot de renomméierten US-Journalist Tim Russert an senger Emissioun "Meet the Press", datt den nächsten President Obama géing heeschen. Se hunn en alleguerten ausgelaacht. 18 Méint drop huet kee méi gelaacht. Den Tim Russert ass antëscht gestuerwen, ma säin Nofolger, den Chuck Todd, sot dat selwecht virun e puer Méint vum Donald Trump. An e gouf bal gelyncht.

Den Donald Trump ass ee Problem fir d'Republikaner, fir d'Demokraten, fir déi ganz USA. Ee pathologeschen Ligener, deen een Dag dat eent seet, fir den Dag drop näischt méi dovunner ze wëssen. Deen sech net vun rietsextremen Organisatiounen distanzéiert, well et ëm Stëmme brénge kéint. Deen kee Problem domadder huet, ënnert de Rimm ze schloen an seng Géigner op kannereg Aart a Weis mat profanen a plompen Aussoen ze degradéieren.

An awer ass et nach méi ee grousse Problem fir d'USA, wann een de Wonsch vum Vollek ignoréiert. Sou wéi et den Ament vill Republikaner maachen. Hiert Electorat wëll den Donald Trump. Op d'mannst mol ee groussen Deel dovunner. An dat muss ee respektéieren. D'Republikaner sinn zanter Jore schonns gespléckt, tëscht der méi moderater Polit-Elite, wéi Familljen Bush, Paul an Ryan an der erzkonservativer Tea-Party-Beweegung. 17 Kandidaten haten se am Ufank opgebueden an se waren esou zerstridden wéi ni virdrun. Och dowéinst konnt den Trump esou staark ginn. Tentativen, de Wonsch vun der Wieler auszehiewelen, kënnen nëmmen an d'Aa goen. D'Partei kéint dat net iwwerliewen.

An bei den Demokraten ginn et elo ähnlech Tentativen op Säiten vun den Sanders-Supporter, déi d'Hillary verhënnere wëllen.

Amplaz sech mol selwer d'Fro ze stellen, firwat de Gros vun der Wielerschaft esou denkt, wéi en denkt, gëtt gemotzt an intrigéiert. Mat Demokratie huet dat net méi allzevill ze dinn. An dann wonneren sech d'Politiker, datt esou Quereinsteiger wéi den Trump esouvill Zoulaf kréien.

Dat brauch engem net ze gefalen. Ma et muss een et awer respektéieren ...

De Commentaire vum Eric Hamus

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.