Commentaire vum Jean-Marc SturmEuropa: Rapp dech um Bidong!

Ausgerechent op eisem Nationalfeierdag, den 23 Juni, decidéieren d'Briten op se an der EU bleiwen oder net. Ee Commentaire vum Jean-Marc Sturm

Et wäert eng ganz enk Decisioun op der britescher Insel ginn. Lescht Sondagen erginn, dass den Ament 42% vun de Briten fir e Verbleiwen an der europäescher Unioun sinn, 40% si fir de Brexit.

Erstaunlech ass dass esouguer bei de Grënnungsmembere vun der EU e ganz héijen Undeel vu Bierger och gären en ähnleche Referendum bei hinnen am Land hätten. All Drëtte géif enger neier Ëmfro no fir en Austrëtt stëmmen, och a Länner wéi Däitschland, Italien oder Frankräich.

D'europäesch Unioun steet eventuell virun der gréisster Kris an hirer Geschicht.

Bal d'Halschent, fir genee ze sinn 48%, sinn deem Sondage no, deen an 9 vun den 28 Memberlänner gemaach gouf, iwwerzeegt dass no engem Austrëtt vun de Briten, d'Wahrscheinlechkeet wiisst dass nach aner Länner dee selwechte Wee ginn.
Et ass an der EU nees d'Zäit vum sech op dat Nationaalt zeréck ze zéien a bei anti-europäesche Viruerteeler ze bleiwen, vis-à-vis vu Bréisseler Decisiounen a vis-à-vis vun anere Länner.

Et gëtt de briteschen Humor, mir sinn iwwerzeegt dass d'Englänner net kache kënnen, mir maache  Witzer iwwert eis Belsch Noperen, do sinn d'Heckefransousen, d'Preisen, d'Bieren an esou weider an esou virun.

Dat gëllt fir all d'EU-Länner. D'Fransouse maachen esou wéi wann se ni e Krich verluer hätten. Groussbritannien hält sech nach ëmmer fir eng kolonial Groussmuecht. Portugal als e Land vun Eruerwerer, Holland idem etc.

Trotzdem, Europa ass a bluddege Konflikter zu eppes ginn wat sengesgläiche sicht: e Kontinent op deem Sträit a Konkurrenz Fräiheet a Fridde bruecht hunn.

Dat hale mir Europäer als selbstverständlech. Den US-President Barack Obama an de Poopst François, ausgerechent een Afroamerikaner an en Argentinier, hunn an de leschte Wochen fir de Fortbestand an d'Weiderentwécklung vun der europäescher Unioun plädéiert. Si gesinn an der EU eng Zort Experiment, eng Schmelz vun der Solidaritéit, quitt dass deen Héichuewen den Ament liicht ofgekillt ass. Europa soll sech endlech um Bidong rappen. Et geet net drëms dass alles uniform ass. Et ass gutt wann  d'Europäer hier Diversitéit behalen. Et soll een awer d'Chance notzen e Beispill ze sinn vun engem Mateneen am Dialog. Eppes wat eng UNO nett fäerdeg bruecht huet. Wann dat keen Defi ass !

 



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.