Commentaire vum Guy KaiserSozialdialog: Operatioun geklappt, Patient dout?

Zanter der Deklaratioun iwwer d'Lag vun der Natioun ass de Sozialdialog wuel fir eng Zäit am Eemer. D'Patrone si méi wéi onzefridde mat Regierung a Gewerkschaften. Dat alles ass net nei, just den Toun ass dach éischter aussergewéinlech ...

"Nëmmen iwwer meng Läich!", sot viru Wochen de Jean-Jacques Rommes, deen elo, bei beschter Gesondheet, net méi weess, wat hien der Regierung nach gleewe soll. Et geet ëm e Pobeier aus dem Januar zejoert, an deem d'Patronat mat der Regierung ofgemaach hat, datt am Kader vun enger Tripartite d'Fro vun der Referenzperiod géing analyséiert ginn, fir d'Produktivitéit vun de Gesellschaften ze verbesseren; zugläich sot sech deemools schonn d'UEL averstanen, de Congé parental ze flexibiliséieren.

Sozialdialog: En Tëscheruff vum Guy Kaiser



D'Patronen duechten, si hätten en Accord zu hire Gonschten an der Täsch. Si kruten effektiv eng Referenzperiod vu 4 Méint, ma mussen an der Konterpartie bis zu 3,5 Dag Congé bäiginn. Do denkt een dann: Kompromëss - ma do denkt ee falsch!

D'Patronat goung dervunner aus, datt een Regierung a Gewerkschafte genuch entgéint komm war mam Congé parental a mam Congé pour raisons familiales. Ganz onrecht hu se jo net, well dës Zort vu Congé ass grad a klenge Betriber net einfach ze organiséieren, vu Kompenséieren net ze schwätzen.

Ma wéi gesot, den Toun mécht d'Musek.

De President vun der Handwierkerfederatioun deklaréiert op eiser Antenn den OGBL zum Brandstëfter, d'Gewerkschaft wéilt absolut kee soziale Fridden hunn an de Betriber. De Gewerkschaftspresident fillt sech schwéier beleidegt a schreift direkt en oppene Bréif vu bal dräi Säiten, wou hien drun erënnert, datt d'Syndikater an de leschten 100 Joer ëmmer hätte mussen e regelrechte Kampf féiere géint d'Patronat. An dësem Fall wieren et Aussoe gewiescht, déi besonnesch gewerkschaftsfeindlech wieren. D'UEL hätt d'Rechnung ouni de Wiert gemaach, an dat wier an dësem Fall den OGBL.

Ganz a Moud ass, datt Ministere sech iwwer Facebook mellen, besonnesch äerdeg ass do den Inneminister Dan Kersch, dee vu sengem iPad aus d'Leit invitéiert, den Train-de-vie vun deenen Häre Patrone mat deem vun hiren Ugestellten ze vergläichen.

Géifen déi Häre Politfonctionnairen (Ei! Déi sëtzt!) och nëmmen een eenzege Mount packen, mam soziale Mindestloun ze liewen!?

De Minister zitéiert och dat berüchtegt Dokument aus dem Januar 2015 an invitéiert de Romain Schmit vun der Handwierkerfederatioun, wann ech gelift matzeschreiwen an auswenneg ze léieren; sollt hien nawell Problemer hunn, deen Text op Fransisesch ze verstoen, da géif hien - Minister - dem Patron gratis en Dolmetscher zur Verfügung stellen.

De Jean-Claude Thümmel vum Landesverband reprochéiert der Chambre de commerce, kuerzfristeg an d'eegen Täsch ze denken an d'CGFP decidéiert eng gréisser Protestaktioun: D'Staatsfinanzen wäre bedeitend besser, d'Spuermoossname vun der Regierung deementspriechend komplett iwwerflësseg! Op deem Punkt ass also de Sozialdialog ukomm ... zimlech déiwe Punkt: Operatioun geklappt, Patient dout!

Et erënnert ee sech: Déi lescht Tripartite war 2006, a mat vill Spektakel an d'Mauer gerannt. Deemools housch et: Do, wou d'Mënschen normalerweis d'Häerz hunn, läit bei munnech aneren e Pavésteen. Vun Tripartite huet duerno kee méi geschwat, scho guer net d'Dräierkoalitioun, déi et mat Bipartitë probéiert huet an déi elo och muss den Dialogues des sourds feststellen.

Ech ka mir net virstellen, datt de Sozialdialog esou séier ze reaniméieren ass: Scho viru Joren hu Patronen a Gewerkschafte kategoresch refuséiert, am nämmlechte Lift ze fueren. Ech gi vun enger Blockad aus vum Patronat, gutt Virsätz kann ee séier vergiess hunn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.