Tëscheruff vum Guy KaiserAlles ausser d'Mëllech

Wéi dacks héiert een: "Alles gëtt méi deier"?! Do hannendru kéint ee soen: "...alles, ausser d'Mëllech"! En Tëscheruff vum Guy Kaiser

Mëllech ass gesond...och all d'Mëllechproduit. Gëtt mol behaapt.

Et ass allemol méi gesonnt wéi d'Fëmmen. Glungenerweis awer gëllt fir déi léif kleng Zigarett net d'Präisliberaliséierung: de Pak "x" kascht iwwerall d'nämmlecht, am Norden, am Süden, am Supermarché a bei der Bomchen ëm den Eck. Ass och gutt esou. Mat der Mëllech brénge mir dat net fäerdeg, dobäi geet et ëm d'Gesondheet vum Bauer, an och vun deem senge Kéi. Ënner 20 Cent de Liter, déi aner Säit vun der Musel, an doropper och nach houfereg sinn!! Skandaléis!

Iwwerhaapt huet de Kapitalismus schonn eng Partie Seechen erzielt, esou am Genre: de Marché regelt dat. De Präis vum Brout gouf liberaliséiert, an elo bezilt ee plazeweis iwwer 5 Euro d'Pond. De Präis vum Plättchen a vum Humpen gouf fräi gemaach an haut berappt ee munnechmol 8 Euro fir e Glieschen, wou een sech d'Fro net brauch ze stellen, ob et  hallef voll oder net vill éischter hallef eidel ass.

De marché regelt dat? Jo, awer just esou, datt déi Grouss iwwerliewen. Sollt een net erëm an déi al Zäiten zeréck falen, wou de Staat sech amëscht? Hie mécht dat jo mam Fëmmen a Bistro a Restaurant, mam Argument: et geet ëm d'Gesondheet. Firwat net bei Waasser a Brout, pardon bei Mëllech a Brout, mam Argument, datt déi zwee Produit d'Basis sinn vun eiser Alimentatioun...an doropper sollt jiddereen d'nämmlecht verdéngen: de Supermarché an net ze vergiessen, de Bauer!

En Tëscheruff vum Guy Kaiser

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.