Commentaire vum Nico GrafQuo vadis?

An der Archeologie si jo déi onscheinbar Saachen dacks méi interessant wéi dat, wat gutt ausgesäit. Gold a Sëlwer a Statuen – dees huet ee scho vill gesinn an et gehéiert iergendwéi automatesch zum Inventaire vun Ausstellungen. Wat ee manner gesäit, dat si kleng, dreckeg oder verbrannte Saachen. Déi schreiwen awer heiansdo Geschicht. E Commentaire vum Nico Graf.

Schwarzenacker heescht eng Plaz am Saarland, wou se kéipweis réimescht Geschir fonnt hunn. Schwarzenacker, well do op de Baueren hire Stécker ëmmer beim Ploue schwaarze Buedem erauskomm ass. Dat waren antik Äschen, do haten d'Alemanne réimesch Villaen an Haiser verbrannt an am Buedem war eng Brandschicht bliwwen. Dat ass en Topos – am Wuertsënn – vun der Archeologie an eise Géigenden: Et gëtt no der Brandschicht vun de germaneschen Incursiounen an de réimeschen Territoire gekuckt. Zu Tréier ass den Ament esou e Brandniveau ze gesinn: Et ass dee vum Brand vu Roum aus dem Joer 64. Do hat et deeglaang gebrannt a si stellen zu Tréier d'Brandschicht aus enger Poterie aus, aus enger Dëppemécherei also, wou d'Aarbechter séier fortgelaf sinn, wéi et geflaamt huet. Iwwreg bliwwe si verbrannten ierde Wueren an eben de präzisen historeschen Niveau vum Brand vu Roum. An Zack, gell Dir, si mer beim Haaptverdächtege fir dee Brand, dem Kaiser Nero.

Vun deem Nero hat ech héieren, bal ier ech liese konnt, op jiddwer Fall ier ech e Wuert Latäin geléiert hat, an och ier ech dem Henrik Sienkiewicz säi Buch gelies hat. E Buch, dat ech als vill ze jonke Mënsch gelies hat, IER ech de Film gesinn hunn. Quo vadis, jojo, gutt Fro. An ech wosst genee, wien de Péitrus an de Paulus ëmbruecht hat: deen Nero natierlech.

Un deem Personnage léisst sech prima festman, wéi eng insistent Rumeur fonctionnéiert a wéi den Dementi vun deeër Rumeur am Fong nëmmen hëlleft, d'Rumeur ze verfestigen. Den Nero war guer net zu Roum, wéi et gebrannt huet, hien huet esouguer efficace hëllefen an erëm opbaue gelooss. Déngt alles näischt, datt een dat weess, säin Numm ass op éiweg mat deem Incendie verknäppt. An dat an der Haaptsaach, well et deemools schonn d'Rumeur gouf, hien wier de Brandstëfter gewiescht. An dunn huet hien e bouc emissaire gesicht a fonnt: Et gouf do eng obskur orientalesch Sekt, hien huet déi accuséiere gelooss an déi Leit goufen nom réimesche Recht bestrooft – also verbrannt. Als Fakelen op Festivitéite vum Nero. Schrecklech.

© Nico Graf / RTL


Intressant ass awer alt erëm, wat duerno geschitt ass. Aus Dosenden Doudege sinn der Honnerte ginn. A wann ech der Stëmm vu mengem Paschtouer a mengen Erënnerungen esou nohéieren, Dausenden. An aus der ruckelzeger Poursuite vu pretendu Kriminellen an aus der grujeleger Strof vu falsch Veruerteelten ass déi éischt Verfolgung aus reliéise Grënn ginn. De Märtyrerdoud ass Joerhonnerten duerno – bis an dat 20. Joerhonnert am Reliounsunterricht um Sennengerbierg – exploitéiert ginn. Well chrëschtlech Auteuren haten dem Nero säi Crime nach méi schlëmm gemat, wéi e war. Well entretemps hat d'Chrëschtentum gewonn a bekanntlech schreiwen d'Vainqueuren d'Geschicht. Zum dacksten, well si déi eenzeg waren, déi schreiwe konnten. Esou ass et deem Nero och op engem anere Plang gaang. Hien gouf – bis bei de Peter Ustinov – als Acteur a Sänger, an zwar als miserablen, diffaméiert. Diffaméiert vun enger aristokratescher Historiker-Schicht, déi dem Keeser net verziehen huet, datt hien aus senger Roll erausgefall war an aner Rolle gespillt huet wéi déi vum Weltenherrscher.

D'Plebs huet deemools net geschriwwen. Oder awer dach. Graffti nämlech. Zu Pompeji hu se Dosende vu Graffiti fonnt, mat deenen den Nero gelueft gëtt. Panem et circenses, Brout a Spiller, fir iessen an drénken an Dschungelcamp war gesuergt, hat hien den einfache Leit bruecht an déi hunn dat gutt fonnt a Merci gesot, op Gekraz u Maueren; géint Tacitus a Sueton kënnt een domat awer net un.

D'Fro ass also, wie schreift d'Geschicht? D'Paradebeispill duerfir ass de Konstantin, dee vun Tréier, dee vu Konstantinopel. Wéi den Nero seng Mamm esou hat dee Konstantin säi Bouf a seng Fra ëmbrénge gelooss. Mä well hien – aus praktesche politesche Grënn – eng reliéis Sekt zur Staatsrelioun gemat hat ass hien ze soen en Hellegen.

Esou ass dat mat de Brandschichten an eise Gehirer. Se sinn do, se si schwaarz, se weisen an dës oder an déi Direktioun an et hunn der vill dru matgebrannt.

An elo hei - an dëse Jungels-Zäiten - kee Wuert iwwer eiser Nationalhelden, Charly Gaul oder JCJ, Taxe-Rulings an Dopping. Geschicht, déi nach ze schreiwen ass, quo vadis? A wann s de net geess.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.