Commentaire vum Guy KaiserAlles anescht wéi gelaf

Eigentlech ass den Trick ganz einfach: wann d'Popularitéitswäerter vun enger Regierung a vun hire verschiddene Memberen am Keller sinn, organiséiert een Pressekonferenzen drop an derwidder, fir nees an d'Gespréich ze kommen, fir ze weisen, datt een eppes schafft an datt d'Vollek sech eng falsch Meenung gemaach huet.

D' Kiischt um Kuch ass dann eng Steierreform, fir Suen ënner d'Leit ze bréngen.

Déi Regierungen virdrun hunn et esou gemaach, firwat sollt et net och d'Dräierkoalitioun maachen?!

Esou richteg geklappt huet et awer net. D'Vertrauen an d'Regierung geet wuel erop, ass mat 55 Prozent esou héich ewéi nach ni. Ma déi dräi Parteien stinn zimlech eleng an der Wüst, allen dräi bei just 11 Prozent, an dat spigelt sech och zum Deel erëm an de Sympathie- a Kompetenzwäerter vun hire Leit. D'Sympathie vum Premier fält esou déif wéi nach ni, an de Kompetenzen läit hien un drëtter Plaz, hannert sengem Vizepremier a wäit hannert dem Ausseminister. Dobäi waren déi dräi Politiker an der Lescht vill an de Medien. Besonnesch profitéiert hunn déi gréng Regierungsmemberen:si klammen zum Deel drastesch. Ass et e Beweis, datt si op d'Taliban-Mentalitéit a Punkto Ëmwelt verzicht hunn, oder awer, well si tatsächlech gutt schaffen? Nach 1 Prozent bäi, an déi Gréng sinn zweetstäerkste Partei! Viru Kuerzem net virzestellen, mä bon, et ass spekulativ- ginn ech zou- an et weist virun allem op e Problem hinn vun der LSAP.

Am meeschte Vertrauen hätten d'Leit ëmmer nach an d'CSV, déi allerdéngs weider liicht zeréckgeet am Sondage. Dat seet eis, datt CSV den Ament déi eenzeg staark Vollekspartei am Land ass, et weist eis awer och, datt déi nächst Wahlen alles aneschters ewéi gelaf sinn.  De Claude Wiseler kann nëmme liicht bäigewannen, konnt also an de leschte 6 Méint sech als Oppositiounsleader net ganz duerchsetzen a läit hannert der fréierer Europakommissärin Viviane Reding. E Grond méi, d'Diskussioun ëm de Spëtzekandidat esou séier wéi méiglech ofzeschléissen. Ech perséinlech hunn d'Impressioun, wéi wann déi CSV nun awer nach net ganz an der Oppositioun ukomm wier: wann ee mat verschiddene vun hire Vertrieder an d'Gespréich kënnt, mengt ee bal erauszehéieren: gläich ass d'Oppositiounszäit iwwerstanen, geschwënn gëtt nees regéiert.

Déi Impressioun ginn ech och net lass, wann ech den Inhalt vun der gréisster Oppositiounspartei analyséieren: datt d'Regierung kritiséiert gëtt, ass dat eent; wou allerdéngs bleiwen d'Alternativen, e Programm, wou sech vun deenen aneren differenzéiert gëtt?! De Claude Wiseler als Chef fir déi nächst Wahlen, dat schéngt gebongt ze sinn, mä, dat geet net duer!

D'Regierung war esou déif gefall, méi déif goung et net; fir si kann et nach just besser ginn, an do leeft d'CSV hir den Ament hannendrun! Et ass alles aneschters wéi däitlech, datt déi nächst Koalitioun aus Konservativen an aus Wäertkonservativen besteet, also aus Schwaarz-Gréng.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.