Tëscheruff vum Guy KaiserPolitmonitor

Esou wäit fir den zweeten Deel vum Politmonitor. Den éischten Deel hate mer Iech jo gëschter virgestallt, d'Lëtzebuerger Wort de Moien, allerdéngs op eng aner Manéier wéi ëmmer, an dat huet zu Konfusioune gefouert. Dozou déi heiten Iwwerleeungen vum Chefredakter Guy Kaiser

De Sondage vun TNS-Ilres huet Ministeren a Politiker aus der Chamber no zwee Wäerter ofgefrot: Sympathie a Kompetenzen, vu ganz sympathesch erof op guer net sympathesch, an identesch fir de Beräich vun de Kompetenzen. RTL gouf déi zwee Wäerter vunenaner getrennt zeréck. D'Wort huet dorausser een eenzege Wäert gemaach, also Sympathie a Kompetenz vum Politiker zesummegeschloen an dorausser d'Moyenne geholl.

Wéi de Charel Margue am RTL-Interview bei eis an der Mëttesstonn sot, sinn déi zwee Weeër richteg, allerdéngs ass d'Approche vum Lëtzebuerger Wort méi wäit ewech vum eigentleche Wahlgeschäft, well hannert der Rideau gëtt ganz einfach mat "jo" oder"neen" gestëmmt.

Huele mir de Fall vum Staatsminister: an der Sympathie kënnt hien op déi zweete Plaz, wat seng Kompetenzen betrëfft, lant hien un drëtter Plaz. Wann een dann awer déi zwee Wäerter zesummeschléit, kënnt de Premier un 12. Plaz. Explikatioun: de Xavier Bettel koum an der Zäit aus extrem héije Sphären, hie war enorm beléift, an dat ass elo zu engem gudden Deel an de Géigendeel ëmgeschloen. Esou gëtt de Wieler awer net onbedéngt seng Stëmmen of. D'Approche, d'Wäerter zesummenzelëen ass wuel net komplett falsch, läit awer méi wäit ewech vun der Realitéit.

RTL baséiert sech also weiderhin op déi zwou Dimensiounen, well de Wieler gëtt seng Stëmm esou gutt fir d'Sympathie of ewéi fir d'Kompetenz. Beschte Beispill, datt och de Gefiller no gestëmmt gëtt, sinn Deputéierten aus der drëtter Rei; si sinn dacks manner kompetent, dofir awer ganz gesellech Leit. Glécklech schätzen däerf sech dee Politiker, deen an deenen zwou Komponenten e gudde Profil huet.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.