Commentaire vum Pit EverlingSoll dat mol gutt goen, CSV?

D'CSV wëll no de Wahlen 2018 nees op der Regierungs-bänk Plaz huelen. D'Fro, déi dëst Joer nach gekläert soll ginn, ass déi, wien dann um Rudder vum eventuelle nächste Regierungs-schëff kéint stoen. Et ass net sécher, datt dee Prozess ounst Schierbelen iwwert d'Bühn wäert goen. Pit Everling

De Commentaire vum Pit Everling



Véier Leit schéckt déi gréisst Lëtzebuerger Partei an d'Course fir Spëtzekandidat ze ginn.

De laangjäregen onëmstriddene Kinnek vun der CSV ass NET méi do. De Jean-Claude Juncker leet elo d'Geschécker zu Bréissel an hat heiheem a senger Partei  bekanntlech net wierklech fir seng eege Successioun gesuergt. An der éischter Rei, grad ewéi an der zweeter an an der drëtter Rei stoung iergendwéi ëmmer just hien.

Eng CSV an der Oppositioun an ouni Juncker muss sech inhaltlech a personell nei opstellen, dee Prozess ass definitiv nach net ofgeschloss.

Déi personell Froen a virun allem déi vum Spëtzekandidat interesséiere natierlech besonnesch.

De fréiere Nohaltegkeetsminister Claude Wiseler hat no de leschte Wahle am wäitesten aus dem CSV-Aquarium rausgeluust. Hie war dobausse bis dato néierens all ze negativ opgefall, hat intern net all ze vill Feinden a gouf dofir nach zu Zäite vum JCJ zum designéierte Fraktiounschef gemaach.

Strategesch gesi war et e clevere Schachzuch vum Claude Wiseler fir als éischten ze soen, hie wier prett wier fir CSV-Spëtzekandidat ze ginn.

Dat wëll allerdéngs och de fréiere Krounprënz vum Jean-Claude Juncker. De Luc Frieden schafft no engem Intermezzo bei enger Bank zu London u sengem politesche Comeback heiheem.

Déi fréier EU-Kommissärin Viviane Reding gesäit hir politesch Zukunft dann och manner zu Bréissel oder Stroossbuerg, mä éischter nees zu Lëtzebuerg.

Ze gutt a lescht war d'Iwwerraschung net kleng gëscht, datt och soll mat der CSV-Norddeputéiert Martine Hansen geschwat ginn.

Dat éiert d'Martine Hansen zwar an ass sécherlech e positiivt Signal fir hir Zukunft an der CSV, ma d'Chancë fir Spëtzekandidatin an den nächste Chamberwahlen ze ginn, sinn dach awer éischter geréng.

Eigentlech stinn d'Zeeche jo alleguerten op Claude Wiseler. Hie spillt d'Roll als Dirigent vum autoproklaméierte Renouveau. Hien ass op der nationaler Bühn deen, deen am Numm vun der CSV zu wichtegen Dossiere Positioun bezitt.

An Jo, hien ass och den Oppositiounschef an der Chamber, och wann een dem Claude Wiseler et net ëmmer gleeft, datt hie rosen ass wann hie seet hie wier rosen.

D'Ënnerstëtzung an der Partei, bei der Basis a bei de potentielle Wieler schéngt och do ze sinn. E Choix géint de Claude Wiseler als Spëtzekandidat wier dann och eng déck Iwwerraschung.

Där Logik no wier déi aktuell Prozedur mat 4 Leit da jo just fir d'Galerie?

Nach ass de Fraktiounschef net op der Arrivée.

Wat fir eng Roll spillt zum Beispill d'Viviane Reding wierklech? De Wiessel vum Jean-Claude Juncker op Bréissel huet fir si d'Enn als EU-Kommissärin bedeit. E Comeback ganz uewen an der Nationalpolitik kéim gutt. Ma wëll si iwwerhaapt Spëtzekandidatin ginn oder spekuléiert si eventuell op en anere Posten am Fall vun enger CSV-Regierungsbedeelegung? Dat wëll si fir d'éischt dem Parteipresident Marc Spautz verroden an net soss iergendengem.

Virun engem grousse Fragezeiche steet jiddefalls sou muncher een nom Luc Frieden sengem Rappel Gëscht, datt hie wierklech prett wier fir Spëtzekandidat ze ginn. Wat ass de geneeë Plang vum fréiere Minister? Wëll hie wierklech Staatsminister ginn oder gëtt et aner Absichten? Firwat schwätzt hie vu Responsabilitéit op europäeschem Niveau? Vill Froe bleiwen do. Och déi, ob dem Luc Frieden säi Poids an der Partei nach ëmmer duer geet, fir géint de Claude Wiseler unzekommen.

Froen, déi de Marc Spautz elo ganz séier muss klären. Den CSV-President wëll sech jo streng un déi intern Prozeduren halen a mat alle Kandidate schwätzen.

D'CSV wëll weisen, datt méi Optioune gepréift ginn an datt jidderee soll kënne matschwätzen. Och déi véier Auserwielte luewen d'Prozeduren an ënnersträichen natierlech no baussen, datt si all gutt Frënn sinn an datt si just un d'Wuel vun der Partei denken. No banne muss d'CSV awer ganz gutt oppassen, datt déi Spëtzekandidats-Course hei net zu déckem interne Klinsch féiert.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.