Commentaire vum Claude ZeimetzEuthanasie- Ëmsetzung hannerfroen

7 Joer no der Aféierung ass et roueg ginn ëm d'Thema Euthanasie. Gutt, datt d'Gemidder sech berouegt hunn, schlecht, wann dat heescht, datt d'Leit net iwwert hir Rechter Bescheed wëssen déi hinnen per Gesetz zou stinn, mengt d'Claude Zeimetz haut a sengem Commentaire

Commentaire vum Claude Zeimetz



Vill wäerte sech nach erënneren. Et ware ganz emotional an deels hefteg Diskussiounen ëm d'Aféierung vun der Euthanasie zu Lëtzebuerg, bis den Text da bis an d'Chamber komm ass an d'Euthanasie schlussendlech 2009 depenaliséiert gouf. D'Verfassung huet souguer misse geännert ginn, well de Grand-Duc refuséiert huet den Text z'ënnerschreiwen. D'Euthanasiegéigner hu Stierftourismus virausgesot an datt Leit géifen „ewech gesprëtzt“ ginn. Zanter der Aféierung  ass awer kloer an dat huet déi zoustänneg Kontrollkommissioun all Joer festgestallt. Keent vun de Schreckgespenster ass agetratt an et goufe keng Abusen  festgestallt. Am Géigendeel.

Mat 8 Euthanasien d'Joer an der Moyenne. 34 am Ganzen bis 2014 steet fest, datt d'Leit zu Lëtzebuerg am Verglach nëmme ganz wéineg op eng Euthanasie zeréckgräifen.

Lo kann ee soen, d'Lëtzebuerger optéieren éischter fir aner Weeër, spréch Palliativfleeg. Wann awer déi national Euthanasiekommissioun,  déi d'Ëmsetzung vum Gesetz kontrolléiert, selwer seet, datt et Leit am Land ginn, déi eng  Stierfhëllef wëllen, wierklech Schwieregkeeten hunn eng ze kréien, dann hu mer effektiv e Problem.

Déi perséinlech Convictioun  vum Dokter- déi ëm vum Gesetz hier jo och zousteet- an allen Éieren, misst d'Spidol, an deem de Patient op sengem leschte Wee behandelt gëtt, net dann awer derfir suergen, datt dem Mënsch säi leschte Wëllen erfëllt ka ginn? Misst déi betraffe Persoun net  mat Zäit driwwer informéiert ginn, datt den Dokter net bereet ass en op deem Wee ze begleeden? A misst dann net zesummen no enger Alternative gesicht ginn?  Am Gesetz ass dat esou net virgesinn. Dobäi ginn et effektiv Dokteren, wann och nëmme wéineg, déi wéi de Carlo Bock et gëschter ausgedréckt huet, eng relativ grouss Resistenz géintiwwer der Euthanasie hunn.

Dernieft schéngt et en allgemengen Informatiounsproblem ze ginn. D'Thema ass net méi wierklech präsent an de Käpp. An do muss sech jiddereen och mat der eegener Nues huelen. Mä wie setzt sech scho fräiwëlleg gär mat sengem eegenen Enn vum Liewen auserneen? An awer wie selwer wëll decidéieren, wéi e vun dëser Welt geet, huet all Interêt d'Thema sech scho mat Zäit mat sengem Ëmfeld un een Dësch ze setzen, a besonnesch  sengem Dokter seng Haltung matzedeelen. Idem ass et fir Organspenden. Och sou e Sujet bei deem d'Praxis zu Lëtzebuerg net dat hält wat d'Gesetz eigentlech u Méiglechkeeten  virgëtt. Ma wa Realitéit an Text net iwwertenee passen, da muss eng Kéier d'Ëmsetzung op de Leescht geholl, kritesch hannerfrot an adaptéiert ginn. Do ass dann nom Input vun der Kontrollkommissioun d'Politik gefuerdert. Anerefalls ass d'Gesetz de Pabeier net wärt op deem et steet.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.