Tëscheruff vum Guy SeylerFLBB

Am Basket stoung den aktuelle Championnatsmodus an der Lescht an der Kritik. Duerfir hat e Grupp vun Traineren eng nei Formule ausgeschafft. 12 Clibb an e System best of 5 waren déi grouss Innovatiounen. Dat gouf awer e Samschdeg op dem ausseruerdentleche Kongress vun der FLBB ofgewéitscht. Ass de Basket zu Lëtzebuerg konservativ oder esou guer réckstännech? Nee, mengt de Guy Seyler a sengem Commentaire:

Commentaire vum Guy Seyler



D'Qualifikatioun ass net interessant, gëtt gesot. Et geet jo duer, wann een déi 1. Phase op der 6. Plaz ofschléisst.

Eng 1. Plaz virum Playoff ass näischt wäert, hu besonnesch déi Steeseler kritiséiert.

Eng Defaite stéiert och keen, well d'Punkte gi jo herno gedeelt. Dat ass net fair.

18 Spilldeeg, vun deene gesot gëtt, si wieren net wichteg, loossen sech no bausse schwéier verkafen. D'Zuschauer bleiwen aus. 

All dat schéngt e Samschdeg awer eng Majoritéit vun de Clibb net gestéiert ze hunn, well si hu fir déi al Formule gestëmmt. Do passt dach eppes net. Well déi Kritiken si jo net ganz falsch.

Eppes schéngt mir ganz kloer. Déi eenzeg Alternativ, déi zur Auswiel stoung, huet d'Leit net iwwerzeegt. Fir déi allermeescht war dann de Status Quo nach déi besser Solutioun.

Et war falsch, fir op 12 Equipen erop ze goen.

Mat 12 Equipe gëtt d'Total League net méi staark.

An eng Qualifikatioun mat 22 Matcher och net méi interessant.

D'Rechnung, datt domat déi kleng Clibb kënnte gelackelt ginn, goung net op.

D'Clibb aus der Nationale 2 hu gemengt, si géifen un Interêt verléieren.

An déi aus der 3. Liga hu sech ganz vernoléissegt gefillt.

Véirelsfinalen nom System Best of 5, wou dien éischte bis zu 5 mol géint deen 8. untrëtt, rappen och keen aus der Fotell.

Firwat soll een also alles iwwer de Koup geheien, fir datt sech um Interêt an un der Attraktivitéit näischt ännert.

Froen, déi no der Assemblée am Sall circuléiert sinn, awer esou net ëffentlech gestallt goufen, waren déi hei:

Firwat gouf keng nei Formule mat 10 Clibb presentéiert? 

Firwat gouf keng méi breed Diskussioun am Virfeld gefouert? 

Fir elo scho vu Best of  7 ze schwätzen war net ubruecht, well ze fréi.

Datt d' Fédératioun sech ganz eraus gehalen huet, fir d'Trainere gewäerden ze loossen, ass och falsch. Vläicht hätt mat hirer Hëllef en aneren, méi realistesche Plang zum Vote gestanen.

Ech sinn iwwerzeegt, datt vill Leit nach ëmmer fir e Changement sinn.

Awer net fir dat, wat elo um Dësch louch.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.