Commentaire vum Carine LemmerFlüchtlinge wëllen eran, mir deels eraus

Éisträich hat bal e rietspopulistesche President kritt. A ganz Europa kréie rietsnationalistesch Parteien ëmmer méi Ënnerstëtzung. D'Flüchtlinge wëllen eran an Europa, mir wëllen deels eraus. Wéi kann dat sinn?, freet sech d'Carine Lemmer de Moien a sengem Commentaire...

Politesch gëtt iwwer Éisträich am Ausland just geschwat, wann et ëm d'FPÖ geet. Wa méiglech hat muncher een op eng Victoire vun der FPÖ gehofft – e bësse Sensatioun w.e.g., perfekt an deem Land mat enger Nazi-Vergaangenheet.

Deen enorm héije Prozentsaz an Éisträich war trotzdem nei, mä Éisträich steet alles mä net eleng an Europa do.

Net ze vill bis guer keng Friemer, Grenzen zou, manner Bréissel an wa méiglech direkt eraus aus der Europäescher Unioun – dofir stinn déi riets Alternativen. An alle Länner ronderëm eis an doriwwer eraus hëlt hir Ënnerstëtzung - mat der Flüchtlingskris - zou, net of. Et ass anscheinend net méi verpöhnt fir riets ze wielen.

Et heescht, déi déi d'AfD oder de Front National wielen, déi wären u sech dacks net sou riets, mä Protestwieler. Wee sech firwat och ëmmer räche wëll, wielt riets. Well et esou net weider geet, well sech eppes ännere muss. An de Leit, de Bierger, eppes virenthale gëtt, dat den Auslänner a Flüchtlingen nogeworf gëtt.

Mä wat soll dat sinn? A wie soll zoustänneg sinn, wann engem seng Erwaardungen net erfëllt ginn?

Europa huet sech an de leschte Joerzéngten enorm entwéckelt. Wuelstand, Sécherheet, sozial Sécherheet – alles dat ass entstanen, gouf sech erschafft. Näischt ass nëmme positiv, muncher ee fält awer duerch de Raster, ass oder fillt sech benodeelegt. Huet manner Chancen. Deenen etabléierte Parteien, déi de Wuelstand an déi sozial Sécherheet bruecht hunn...deene gëtt ëmmer manner vertraut. D'Léisunge fir d'Problemer si komplex, Politik net ëmmer perfekt – d'Populiste verspriechen einfach Léisungen. Si huelen d'Saach an d'Hand!

Den Norbert Hofer gouf an Éisträich am beschte gewielt a klengen Dierfer um Land, wou nach ni e Flüchtling gesi gouf. FPÖ-Wieler wëllen e staarke Mann, een, deen op d' “Land oppasst“, wéi den Hofer selwer sot. E staarke Leader, net eng schwaach Demokratie, dat ass méi ustrengend.

Éisträich läit zimlech wäit am Oste vun Europa, wollt ëmmer staark an autoritär gefouert ginn, liest een dëser Deeg an éisträichesche Medien. Polen an Ungarn hunn dat schonn. D'AfD ass besonnesch staark am fréieren Oste vun Däitschland. Russland oder d'Tierkei ginn och autoritär gefouert. Mä och de Rescht vun Europa ass populistesch infizéiert.

An hei zu Lëtzebuerg? Am Politmonitor leien zwar och déi Politiker vir, déi keng aktiv Lëtzebuerger Politik maachen, nom Motto „wien näischt mécht, deen näischt brécht“ an „deen deet eis net wéi“. Mä de Sënn an Zweck vun der EU schénge mer bekäppt ze hunn. Multikulti maache mer vir, ob bewosst oder onbewosst. Populistesch Téin – vu riets - gëtt et – mä Rietsnationalismus net.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.