Commentaire vum Guy KaiserD'DP mécht sech Courage a reift sech um Claude Wiseler

E Sonndeg haten déi Liberal hire Kongress. E Commentaire vum Guy Kaiser.

Wann een et normal fënnt, datt eng Oppositiounspartei iwwer d'Regierungspolitik hierfält, dann ass et grad esou normal, datt eng Regierungspartei op hirem Kongress déi eng oder aner Remarque fléie léisst, wéi lamentabel d'Oppositiounspolitik da wär. Esou de Fall virgëschter bei der DP.

De Resumé vun deene verschiddene Rieden: D'CSV hat e wonnerschéint Schëff mat engem Kapitän, dee mat der Zäit an d'Joer koum an dee war Chef vun engem raschtege Maschinneraum. D'DP fiert elo mat engem schmocken Dräimaster duerch Nuecht a Wand, mat engem neie Kapitän, deen Eisekuchen hëlleft verkafen, wëll heeschen, hien ass no bei de Leit. An d'ganzt Land kuckt op der Tëlee eng nei Show: Lëtzebuerg sicht den CSV-Spëtzekandidat. Dat ass et op de Punkt bruecht!

Um Kongress gouf wuel un dat eent oder anert erënnert, wat d'Dräierkoalitioun schonn esou alles realiséiert huet, mä, well ee weess, datt dat net duergeet, fir eng breet Majoritéit aus dem Vollek ze iwwerzeegen, gouf d'Perspektiv hannendru gesat, datt nach villes nokéim. Ëmmerhi wär jo réischt déi zweet Halschent vun der Legislatur just ugepaff ginn. Vun de Méint hier stëmmt dat, awer net vun der Politik.

Dat anert Joer si Gemengewahlen, déi zwar net mat Nationalpolitik ze vergläiche sinn, ma wou awer dach Jalone gesat ginn. D'CSV hat mussen d'Course ëm de Spëtzekandidat lancéieren, fir kloer ze stellen, ween op nationalem a ween op kommunalem Plang déi éischt Gei ze spillen huet. Datt dat awer e gewëssene Risk fir de Claude Wiseler ka bedeiten, läit op der Hand: Him däerf an den nächsten 30 Méint kee Faux-pas ënnerlafen, sos geet hien ugekraazt an d'Wahlen.

An, datt hie mat staarkem Géigewand muss rechnen, dat weess hien zanter e Sonndeg. D'Demokraten hu sech ouni Ausnam un der CSV an un hirem wahrscheinleche Spëtzekandidat geriwwen, méiglecherweis esouguer ze vill. Bei der DP soe se sech: ça casse ou ça passe, ma egal wéi, eng Koalitioun mat der CSV wäert wuel éischter net a Fro kommen. Et brauch een sech also net ze genéieren, fir fest drop ze schloen, schliisslech haten all d'Parteien, déi elo um Rudder vum Dräimaster sinn, no de Wahlen kloer gemaach, datt si sech net an deem marode Maschinneraum d'Hänn wéilte knaschteg maachen.

Bei der DP vu virgëschter behalen ech zeréck: Wa gëschter Sätz gefall sinn ewéi "Mir hunn d'Land verännert", war domatter tatsächlech just déi eege Partei gemengt, oder net ieren d'Koalitioun. Donieft, groussen Optimismus, well et ka just besser ginn, besonnesch mat der Steieradaptatioun dat anert Joer plus eventuell eng Indextranche.

A well den Äerzfeind CSV heescht, un d'Adress vum Claude Wiseler gesot: Wann dee vu senger midder Trupp weider esou eleng do stoe gelooss gëtt, ass hien no 2 Joer tatsächlech verbraucht, ier et ënner Ëmstänn richteg lass gaangen ass.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.