Commentaire vum Guy KaiserTrotz de Radare Gas ginn!

Dat mengt de Guy Kaiser de Moien a sengem Commentaire.

Sécher, et gëtt Rowdyen am Stroossentrafic, ma déi koumen dacks genuch op dëser Plaz zu Eieren.,…eigentlech permanent op de sozialen Netzwierker.

Ech wollt et ëmdréien, a vun den Driipsnéckele schwätzen, déi duerch d’Liewe ginn, wéi wann se am Schlafwandel wieren. Ganz kloer : jiddereen ass e fräie Mënsch, ma wa mir eis iwwert déi eng opreegen, da muss et och mat deenen aneren erlaabt sinn, an dat sinn déi, déi zum Beispill bei de roude Luten net ukommen; wann ee Pech huet, komme just 4 Autoen duerch de Rond-Point Turbo an d’File hannendrun gëtt ëmmer méi laang.

Grad an Zäiten, wou d’Schantercher wéi d‘Spargelen aus dem Buedem schéissen, bréngt eis dat kee grousse Schrack weider. Nach ass eist Land keng national Zon 30. Et brauch ee jo net esou prësséiert ze sinn, wéi de Pensionéierten bei der Keess am Supermarché, ma et sollt ee schonn, aus Respekt virun deenen Dosenden hannendrun, derfir suergen, datt den Trafic rullt. Ech mengen hei och net déi eeler Joergäng, ech mengen eng gewësse Mentalitéit, déi mir schonn zanter e puer Joer opfält, an déi elo mat de Radaren schéngt, verstäerkt ze ginn.

« Kënns Du net haut, da kënns Du mar »! Munnechmol, wéi a Frankräich, d’Generatioun ‘bobo’ genannt, virun 20 Joer och alt mol Müsliapostel genannt. Keng schlecht Etuden, gutt biergerlech vun doheem aus, Hypochonder vu Gebuert un, ëmmer op dat Gesondheetlecht beduecht, relativ fréi op d’Pensioun orientéiert. Dobäi hëlleft et wéineg, scho Moies ze keimen, wann een déi lénks Strëmp undeet a méindes bedauert, datt et net scho Freideg ass. 

Vill vun hinne stinn op där Kräizung, wou et gëllt, d’Privatliewen mam Berufflechen ze verbannen ; de Congé parental ass eng vun deene Moossnamen, déi virun iwwer 20 Joer geholl goufen, fir e Stéckelchen ze hëllefen ; ech stelle se net a Fro, och net, datt ëmmer méi Leit – vill Fraen- d’Optioun huelen, fir d’Kand, fir d’Famill an nom Congé parental just mi-temps schaffen. Dat féiert awer munnechmol zu Engpäss am Betrib, an der Administratioun. Et ass jidderengem vun eis scho mol passéiert, datt een um Telefon gesot krit : déi Persoun ass iwwermar nees do. Wann et sech ëm en administrative Problem handelt, ass dat jo nach meeschtens net weider schlëmm, handelt et sech awer ëm e Problem, wou et schonn éischter ëm d’Liewecht geet, kritt de Phänomen eng aner Envergure.

U sech stellt ee fest, datt dacks eng Persoun am mi-temps hir Aarbechtskollegen net an d’Bild setzt iwwer hir Dossieren, déi si am Gaang ass, ofzeschafen, datt si an engem Vase clos sëtzt. Skandinavesch Länner sinn eis do e grousse Schrack viraus a grad Krimiserien aus Schweden thematiséieren déi Problematik regelméisseg op eng ironesch Manéier, am genre : de Mäerder gëtt haut lafe gelooss, de Kommissär huet haut fräi. De Sënn vun der Aarbecht geet ëmmer méi verluer: si verschaaft eis net nëmmen den Deus meus, fir ze iwwerliewen, ma ass fir vill vun eis e Gerüst, als Orientatioun.

Fir datt et also virugeet, am Liewen an am Trafic: wann et gréng ass, soll een ufueren, an net nach laang iwwerleeën, ob et da wierklech gréng ass, oder nëmmen e bësselchen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.