Commentaire vum Eric EwaldScience-fiction, géif ee mengen, wann net den 13. November gewiescht wär

E Freideg den Owend fänkt mam Match tëscht Frankräich a Rumänien d’Football-Europameeschterschaft 2016 am Hexagon un.A sengem Commentaire befaasst sech den Eric Ewald engersäits mam Land, dat déi EM organiséiert, an anerersäits mam sportlechen Evenement selwer.

E ganze Mount, bis den 10. Juli, steet dat sougenannt ronnt Lieder am Mëttelpunkt vun der Sportsaktualitéit. Fir de Football, deen ëmmer déi schéinst Niewesaach vun der Welt genannt gëtt, ass ze hoffen, dass en déi knapp 4 an eng hallef Wochen d’Haaptsaach wäert sinn an net, wéi den 13. November zu Paräis geschitt, zur absoluter Niewesaach gëtt. Deemools hate sech jo, nieft den Attentater zu Paräis selwer, virum Stade de France zwee Selbstmordattentäter an d’Luucht gesprengt, wéi bannena grad de Frëndschaftsmatch tëscht Frankräich an Däitschland gespillt gouf.

Zanterhier ass d’Angscht bei eisen Noperen natierlech grouss, dass sou eppes nees kéint geschéien, a wat fir en Evenement géif sech besser dofir eegne wéi dës Football-EM, déi an eng Hellewull Länner ronderëm de Globus iwwerdroe gëtt. Weltwäit Publicitéit wär Attentäter sécher, an dofir sinn d’franséisch Police, d’Gendarmerie an de Geheimdéngscht natierlech um qui-vive. Dass se besser hätten, net nëmmen um qui-vive, mä e bësse méi wéi dat ze sinn, weisen déi lescht Frëndschaftsmatcher vun der franséischer Nationalequipe: Zu Nantes, géint Kamerun, hate Journalisten et fäerdeg bruecht, Objeten op den Terrain eranzeschleisen, mat deenen op d’Spiller an op Spectateuren hätt kënne gehäit ginn, a vu Metz, géint Schottland, ware Biller ze gesinn, op deenen d’Kontrolle virum Terrain och alles anescht wéi streng waren. Wann dat bis den 10. Juli op allen EM-Terraine sou ass, kann engem richteg Angscht ginn!

De Problem fir d’franséisch Gendarmerie a Police ass, dass si sech déi lescht Woche v.a. wéinst den eenzelne Streiken net 100%eg op d’EM preparéiere konnten. Dobäi gi 5 Matcher wéinst Hooligans aus de respektive Länner als Risikopartien ugesinn an huet d’britescht Boulevardsblat The Sun d’Partie England-Russland e Samschdeg zu Marseille als déi ausgemaach, déi en Attentat no sech zéie kéint, vue d’Bombardementer vu béide Länner a Syrien an am Irak. An engem Artikel gouf vun enger méiglecher Drohnenattack mat chemesche Waffe geschwat. Science-fiction, géif ee mengen, wann net den 13. November gewiescht wär.

Donieft fält d’EM dëst Joer an e Land mat ville Problemer. Protester géint dat neit Aarbechtsrechtsgesetz, e President an eng Regierung, déi sou onbeléift si wéi vläicht nach ni eng virdrun, e Bonsai-Wuesstem vun 0,1%, dat duerch d’Manifestatioune riskéiert, an de Minus ze rutschen: Déi selwer ernannte Grande nation géif gutt drun doen, mat engem Erfolleg am Football op d’mannst fir eng Zäitche fir e moraleschen Opschwonk ze suergen, wëssend dass Reforme virun der Dier stinn, déi, wa se net ugaange ginn, d’Land nach méi no ënnen zéien. Eng Lokomotiv vun der EU ass Frankräich scho laang net méi, och well d’Land irréformabel schéngt an net méi aus eiser Zäit. Les bleus hunn also net nëmmen Hoffnungen op hire Schëlleren, wa se an dës EM eraginn, mä och Drock, d’Land no vir bréngen ze mussen. Dobäi wäerten och si aner, méi déif Grief an der Gesellschaft net zouschëdde kënnen, och wann dat net hiren Job ass, mä dee vun der Politik. Ma ier déi aus dem Abseits erauskënnt...

De Commentaire vum Eric Ewald.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.