Commentaire vum Guy KaiserD'Loft gëtt dënn

Iwwermar ass zwar Sonndeg, ma gewielt gëtt net. Do bleift nach Sputt vu ronn 30 Méint. Et handelt sech hei ganz kloer just ëm eng Ëmfro, ma den Trend ass awer méi wéi kloer, Guy Kaiser

D'Demokratesch Partei, minus 6 Sëtz, dat ass net näischt. Si behält der 7 iwwereg, steet also um nämmlechte Podest wéi de klenge Koalitiounspartner déi Gréng, an dat als déi Partei, déi de Premier huet!

D'Sozialisten brauchen och net an d'Hänn ze klappen. Si ware scho virun 2 Joer op hiert schlechst Resultat zanter der Nokrichszäit gefall a verléieren laut dësem Sondage nach emol dräi Mandater. Eenzegen Trouscht: si sinn stäerkste Kraaft an der ablacklecher Koalitioun, déi allerdéngs op wacklege Féiss steet. D'Majoritéit ass an der Minoritéit, an zwar hellewech: déi dräi Parteien kommen zesummen op 24 Sëtz...si hunn der also 8 verluer...et wären der 9 gewiescht, hätten déi Gréng net ëm ee Sëtz zougeluecht.

Ween näischt mécht, deen näischt brécht. D'CSV kéim elo op 27 Sëtz, e Mandat méi wéi 2009, wou et deene Schwaarze gelonge war, den Trend no uewen vun enger ADR ze briechen. D'CSV-Leit soe selwer, datt si sech dëse Phenomen net kënnen explizéieren, well, ganz éierlech: vill ëmgerass huet dës Partei nach net. Iwwregens  aus verständleche Grënn; am Ufank hat déi Partei sech net zu Recht fonnt an der neier Roll an der Oppositioun; duerno konnt si vill Gesetzprojet net frontal attackéieren, well si se schliisslech nach selwer op den Instanzewee geschéckt hat.

Wat also ass lass am Land? Sécher, d'Koalitioun huet kleng a gréisser Dabozegkeete gemaach, ma goungen déi duer, fir zu esou engem Verloscht ze féieren?! E Verloscht u Stëmmen, e Verloscht u Glafwierdegkeet. Dat Schlëmmt an der Entwécklung ass, datt d'Leit déi Meenung oder och dat Gefill net esou huerteg wëllen änneren. De Politmonitor vun RTL a Lëtzebuerger Wort hat virun zwou Wochen zum Beispill däitlech gemaach, datt nëmmen 28 Prozent vun de Wieler déi ugekënnegte Steierreform eng gutt Saach fannen; vill sinn éischter der Meenung, datt si just déi Suen zeréck kréien, déi si déi lescht zwee Joer als Spezialsteier dem Staat hu musse verséieren. Sou gesinn, fänkt d'Loft un, dënn ze ginn fir d'Koalitioun: den Ament ass si ganz schlecht drun, an d'Chancen, sech ze erkrabbelen, stinn net riesech grouss. Et bleift hier näischt aneschters iwwereg, fir ze schaffen, an nach emol ze schaffen. D'Demokraten riskéiere sos hiert Blot Wonner, bei de Sozialisten ass d'Rous wielech, an déi Gréng kënnen sech an d'Fäischtche laachen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.