Commentaire vum Corinne FolscheidCampagne de richtege Wee, fir nei Fleegefamillen ze fannen?

Zanter e puer Woche leeft eng Campagne fir Fleegefamill ze ginn. Dat kënnt net vun ongeféier. Leider ginn et nämlech och an eiser Gesellschaft vill Kanner, déi net d'Chance hunn an enger intakter Famill op d'Welt ze kommen...

Aktuell ginn et 370 Fleege-Famillen, wat awer net duer geet. Nei Eltere rekrutéieren a Famille mobiliséieren Häerz ze weisen, fir ee Fleegekand opzehuelen. Dat ass de But vun der Campagne. Alles schéin a gutt, mengt d'Corinne Folscheid, mä ass sou eng Initiative wierklech dee richtege Wee, fir nei Famillen ze fannen?

 

De Commentaire vum Corinne Folscheid (14.Juni)

„Gitt Fleegefamill“, sou de Motto vun der Campagne. An dem Kontext gouf och, ech soe mol „Reklamm“ gemaach hei um Radio. Wat déi Campagne herno ënnert dem Stréch bréngt, an ob sech wierklech Leit dovunner ugesprach fillen, gesi mer réischt an e puer Méint, wann de Bilan gezu gëtt. Ech hunn allerdéngs meng Bedenken, dass déi Campagne dee Feedback wäert kréien, wéi sech et d'Initiateuren dovu virstellen oder wënschen.

Firwat? Ee Fleegekand bei sech ophuelen ass a mengen A kee Projet, sou wéi et um Internetsite vum Office National de l'enfance duergestallt gëtt. Wann een sech nämlech engagéiert Fleegefamill ze ginn, léisst ee sech op vill méi an, wéi just engem Kand ee neit a séchert Doheem ze ginn. Et ass eng grouss Erausfuerderung, wou een dacks net weess, wat op een duer kënnt. Et kann och mol mat engem Echec ausgoen. An dann hänkt et dovun of, ob et ee Laangzäit- oder Kuerzzäitplacement ass. Dat schreckt natierlech vill Leit dovun of, sech drop anzeloossen, fir Fleege-Elteren ze ginn. Wat extrem schued ass. Well déi betraffe Kanner, déi dacks am klengsten Alter eng Vergaangenheet hunn, wéi mer eis se fir kee wënschen, bräichten onbedéngt ee stabilt a séchert Ëmfeld.

Nei Famille fannen, ass déi eng Saach, op där aner Säit ass et awer och eng Schan, dass de Lëtzebuerger Staat net méi Strukturen zur Verfügung huet, fir des Kanner vun Ufank un anstänneg ze encadréieren. Firwat musse Puppelcher an enger Maternité alt bis zu e puer Woche waarden, bis se endlech an der Maison Dolto eng Plaz kréien? Dat ass aktuell nämlech eng vun den eenzege Strukturen hei am Land, déi adaptéiert ass, fir kleng Kanner vun null bis 3 Joer opzehuelen. Allerdéngs läit d'Kapazitéit bei just 26 Kanner.

Fir där aktueller Situatioun entgéint ze wierken, sollen also nei Famillen encouragéiert ginn, ee Fleegekand bei sech opzehuelen. Ma dat geet och net vun haut op muer. Fir d'éischt mol muss déi intresséiert Famill een Agreement kréien an eng Basisformatioun vun 100 Stonne maachen. Dem Viraus ginn eng ganz Partie Gespréicher mat deene potentielle Fleege-Famillen.

Eng Prozedur, déi sech an d'Längt zitt, sou dass et virkënnt, dass vill Leit op eemol d'Motivatioun verléieren an ofsprangen.

Ass een dann endlech Fleegefamill, komme vill Inconnuen op een duer. Wéi huet d'Kand seng Vergaangenheet verschafft, wéi vill huet et matkrut, wéi eng gesondheetlech Schied kann et hunn, asw. Dee Moment ass et wichteg, dass déi betraffe Famill op dee richtege professionellen Encadrement kann zeréckgräifen. Allerdéngs ass och déi Ënnerstëtzung net ëmmer optimal, kritiséiert d'FLEK, d'Associatioun vun de Fleegefamillen. Iwwerhaapt wier villes net kloer. Et hätt ee vill Flichten, awer net genuch Rechter. Dat alles misst mol kloer definéiert ginn. Gefuerdert gëtt och ee Statut fir d'Fleegefamillen.

Et wier den Initiateure vun der Campagne ze wënschen, dass si nei engagéiert a motivéiert Leit fannen, déi den Challenge wëllen, fir ugoen ee Fleegekand bei sech opzehuelen, mat all de Risiken an Erausfuerderungen déi domadder verbonne sinn an net nëmmen duerch dee finanziellen Aspekt.

Ech denken awer net, dass sou eng punktuell Campagne de richtege Wee ass, fir weider Leit ze mobiliséieren. Villméi sollt eis Gesellschaft op Dauer sensibiliséiert ginn a vereenzelt Prozeduren och vläicht vereinfacht respektiv mat Viruerteeler opgeraumt ginn. Engem Kand, dat d'Chance net huet mat senge biologeschen Elteren opzewuessen, gewollt oder ongewollt, een neit Doheem ginn, ass sécherlech ee Schrëtt deen net einfach ass a gutt iwwerluecht muss sinn. Grousse Respekt jiddwerfalls fir all déi Famillen, déi op dee Wee gaange sinn a vläicht nach ginn.

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.