Commentaire vum Eric HamusI am Orlando! Oder awer net?

49 Doudeger, op mannst 50 Blesséierter an eng traumatiséiert Communautéit. De Bilan vun Orlando ass traureg genuch. E Méindeg awer war et roueg an den Netzwierker: Keen "I am Orlando", keng Profilfoto mat Stars and Stripes. Sinn ons d'Amerikaner awer net esou no, wéi mer ëmmer mengen? Den Eric Hamus huet sech dozou seng Gedanke gemaach.

© Eric Steichen

Fir d'éischt ware mer Charlie, a mir ware schockéiert. Du schloe se eng zweete Kéier zou, dat selwecht Joer, a mir ware Paräis. A wéi se dunn op Bréissel koumen, stounge mer alleguerten hannert de Belsch.

Zu puer ware mer esouguer Aylan. Revoltéiert, degoutéiert, datt d'Syrer am Mëttelmier sech selwer iwwerlooss ginn. Datt se zu Idomeni am Dreck erdrénken, zu Calais vu Camionen iwwerrannt ginn. Awer do ware mer scho bei Wäitem net méi zu sou vill. Dat war nämlech schonn nees ze wäit ewech, fir eis no ze sinn. Idomeni? Wou läit dat scho méi? Zu Calais op e Camion klammen? Do huele mer léiwer Ryanair.

A wéi ass et elo mat Orlando? Sinn mer dann elo all Orlando? Schliisslech sinn d'Amerikaner sou Munchem vill méi no, wéi de Belsch oder de Fransous. All Woch kucke mer Game of Thrones, House of Cards oder Homeland, mir kenne Breaking Bad an The Big Bang Theory. Lauschteren Justin Bieber an danze bei Rihanna. An der Levis-Box a mam Polo vu Ralph Lauren. "Ah du wars am Hard Rock Café? Ech war awer bei Abercrombie & Fitch." Shopping zu New York, Sonn tanke bei der Mickey Mouse a Florida.

An awer war et e Méindeg opfälleg roueg an de sozialen Netzwierker. Nom Terror am Schwuleclub. Kaum een „I am Orlando“, keng Trauer mat den Affer, a keng Spur vu „Stars and Stripes“ op de Profilfotoen. Mol net bei deenen, déi sech d'lescht Woch nach opgereegt haten, datt de Gorilla aus dem Zoo méi Matleed krut, wéi d'Flüchtlingen, déi am Mëttelmier erdrénken. An och net bei deenen, déi sech no Charlie, Bataclan an Airport Brussels opgereegt haten, datt déi Affer ville Leit méi wichteg wieren, wéi d'Meedercher vu Boko Haram.

Abee, wou si se dann lo? Déi Leit, déi ons virgerechent hunn, wéi vill Flüchtlingsliewen een doudege Gorilla wäert sinn? Déi ons ee schlecht Gewësse wollte maachen, well ons d'Leit am Comptoir Voltaire awer méi no sinn, wéi d'Cliente vun engem Café zu Tel Aviv. Wou si se? Et war, wéi gesot, verdächteg roueg op den Netzwierker. An net nëmmen do. D'Fändelen hänken nach bal alleguerte ganz Uewen, vun enger roueger Minutt hunn ech nach näischt héieren a wa Rosa Lëtzebuerg net op eng Solidaritéitsmanif invitéiert hätt, kéint ee wuel nach laang op sou ee Geste vun den aneren ASBLen an ONGe waarden. An eis politesch Autoritéite waren och nawell ganz roueg. Bis op den obligatoresche Bäileedstelegramm vu Premier a Grand-Duc.

Ech wier mol gespaant ze gesinn, wéi vill Leit sech an ee Kondolenzbuch op der amerikanescher Ambassade géingen androe goen, sollten déi dach tatsächlech hir Diere fir esou eppes opmaachen. Ma och dat wäert wuel just menger Imaginatioun iwwerlooss ginn.

Si mer dann tatsächlech schonn esou ofgestompt, wat Schéissereien an den USA ugeet, datt mer scho keen Ënnerscheed méi maachen, tëscht enger extremistescher Dot a mam üblechen amerikanesche Mëllen, dee ronderëm sech ballert? Och wann et elo lues a lues ausgesäit, wéi wann den Auteur vun Orlando keen direkte Lien mat aneren Terrorzellen hat, a sech eng Kéier op den IS beruff huet, fir dann awer rëm mat rivaliséierende Milizen ze sympathiséieren, esou dierft dat awer keng Excuse sinn, fir net mat den Affer ze fillen. Oder dominéiert och hei den amerikanesche Wahlkampf nees esou staark, datt dem Trump seng Topegkeete vum eigentlechen Drama oflenken?

Vläit ass fir déi meescht Leit déi Dot hei och nees „hausgemaach“, wéi all déi aner Schéissereie vu jonke Mëllen, déi vill ze einfach un eng Waff koumen. An dofir gëtt se séier nees klasséiert, bei Columbine, Sandy Hook, de Kino zu Aurora an all déi aner Plazen an den USA, déi fir op éiweg mat engem „Mass Shooting“ verbonne wäerte sinn. Leider hunn ech awer de Verdacht, datt et virun allem ee Grond gëtt, firwat mer an dësen Deeg manner Orlando sinn, wéi mer d'lescht Joer Charlie waren: Et gehéiert haut einfach zum gudden Toun, anti-amerikanesch ze sinn. D'Yankeeë si verpönt an ee pro-amerikanesche Geste mécht sech net gutt op de sozialen Netzwierker. "Mir musse jo schliisslech kritesch bleiwen, mat der Supermuecht", heescht et bestëmmt. Si waren et sech jo awer selwer sichen, sou de Reproche,  déi "arrogant Amerikaner", mat hirem „In God we trust“ an „America, the Beautiful“..

Ech hoffen alt wierklech, datt et just dat ass. Net, datt et wierklech eppes soll mat der sexueller Orientéierung vun den Affer ze dinn hunn ... Well ech hat alt wierklech gehofft, datt mer aus deem Mëttelalter eraus wieren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.