Tëscheruff vum Guy KaiserA Saachen Ëmfro

Besonnesch opgefall ass bei dësem Sondage, datt d'CSV als Partei wuel nach gutt bei de Wieler ukënnt, ma datt zugläich eng Partie vun hire Politiker an der Wielergonscht zeréckgeet. Dozou eise Chefredakter Guy Kaiser

Besonnesch drastesch ass d'Baisse vum Claude Wiseler: viru 6 Méint loung hien nach bei 66 Prozent, 10 méi wéi de Premier Xavier Bettel. Och aner CSV-Vertrieder goungen zeréck, wéi zum Beispill de Serge Wilmes. Wat kënnen dozou d'Iwwerleeunge sinn?

Engersäits ass däitlech ginn, datt Diskussiounen ronderëm eng Spëtzekandidatur wéinstens een Ament laang net glécklech sinn; do ass d'Haaptaffer eben de Claude Wiseler. Minus 10 ass derwäert! Bei ville Leit besteet d'Meenung, den CSV-Leit  géing et elo schonn drëm goen, éischter Posten ze verdeelen ass ewéi sech ëm iergendwellechen Inhalt vun der Politik ze këmmeren. Dofir wär et gutt, wann déi Diskussiounen direkt um Ufank vum Mount Juli déiten ofgeschloss ginn.

Beim Serge Wilmes ass et ähnlech gelagert: hien ass am Gespréich, Spëtzekandidat an der Gemeng Lëtzebuerg ze ginn. Och do misst séier eng Decisioun geholl ginn. D'Ausnahmen: d'Martine Hansen aus dem Norden. Och si ass an der Course ëm d'Spëtzekandidatur a si schléit Profit dorausser: am Eisléck si se eben nach houfereg, wann u si geduecht gëtt; déi aner Ausnam, d'Viviane Reding am Süden: och si ass potentiell Spëtzekandidatin, ouni eigentlech an der nationaler Politik zeréck komm ze sinn, a bei hir schloen d'Kompetenzwäerter eriwwer, aus Zäiten bei der europäescher Kommissioun.

Aus fréieren Zäiten och kënnt de 4. Spëtzekandidat Luc Frieden; hien huet säi Come back ugekënnegt, kënnt aus dem Näischt op déi 6. Plaz, an awer ass hien extrem wäit ewech vu Scoren aus Regierungszäiten. D'Schluecht fir hien an der CSV schéngt verluer ze sinn, ier se richteg ugefaangen huet.

Nach déi heiten Iwwerleeung a Saache Claude Wiseler: dem Spëtzekandidat vun der gréisster Oppositiounspartei steet et net gutt zu Gesiicht, wann hien sech an den Äifer ried iwwer eng presuméiert SREL-Affaire bis, respektiv Bettel- Kemmer. Do koum bei ville Leit d'Gefill op: "Aha! D'CSV schléit mat den nämmlechte Waffen zeréck, wéi zwee Joer virdrun d'DP dat mam JCJ gemaach hat". A wann esou eng presuméiert Affaire da bannent Stonne platzt wéi eng Seefeblos, da sprëtzt dat engem nawell gären an d'Gesiicht.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.