Commentaire vum Nico GrafNationale Narratif?

Déi eng wëlle Meeschter an Europa ginn, mat hiren Nationalequippen, déi aner – also mir – feieren national. Well an datt et eis gëtt, ëmmer nach. E Commentaire vum Nico Graf

Oké, oké, deen Euro ass en Anachronissem. Do spillen also Leit zesummen, déi just eppes en commun hunn: deeselwechte Pass. Soss awer spille si mat ganz anere Leit – a vill besser, wa se mat deene spillen. Huelt de Schwed, deen e muslimesche bosnesche Papp huet, an dee vill méi besser gutt spillt, wann hie Fransouse ronderëm sech huet. Oder huelt den CR7, dee spillt wéi um chemin repris Nr.7, wann e portugallesch Nationalequippe spille muss; hien ass vill besser – an nach méi schéin – wann hie seng Spuenier vu Real ëm sech huet, Spuenier wéi de Bale, de Benzema oder de Kroos.

Merke: wat duercherneegemixt gëtt, wat lénks a riets akaaft gëtt an dann als Equipe trainéiert, dat fonctionnéiert. An et klappt net onbedéngt, wann hannert engem Fuendel hirgelaf gëtt a wa bei enger Nationalhymn stramm gestane gëtt. Datt hannert de beschte Veräinsequippe meeschtens d'Kapital vu russeschen Oligarchen oder petrollege Scheiche steet, dat ass nun emol esou am globaliséierte Kapitalissem. A mat deem Wuert si mer dann zu Lëtzebuerg, gell Dir, wou awer esou guer de Gross-Sponsor Flavio Becca et net fäerdeg bréngt, eppes zesummenzekafe wat international matspille kéint. A wou ech deen italienesche Numm do nennen, mierken ech alt erëm wéi fantastesch d'Auslänner eis integréiert hunn. An - et hëlleft alles näischt - duerfir gi mir jo och Europameeschter mat eise Bieren, Guallen, Zillebäcker, Heckefransousen oder - dajé alt - houere Preisen. Europameeschter, déi mir souwisou sinn, well mir krute jo dee Karl-Präis. Gutt iwwregens, datt deemools zwar jiddereen et wosst et huet awer nach keen driwwer geschwat, iwwer eis Steierregulatiounen, déi et eis op Käschte vun den aneren erlaabt hunn, bal ganz vu Stol an Eisen an Thomas-Schlaken a Kouställ ewech ze kommen. Schued just datt eise Narratif elo zanter enger Zäitchen net méi fonctionnéiert. Leschte Champion vun deem Narratif war jo eise JCJ, deen et fäerdeg bruecht huet, gläichzäiteg Bauer vu Réiden a Stol-Aarbechter vu Bieles ze sinn an an engems Zwangsrekrutéiert, Resistenzler an Deportéiert – an Éierebierger zu Tréier a Busefrënd vum Helmut, dat muss een emol fäerdeg bréngen. Den XB kann do net mathalen, net al genuch, net genuch gelieft, net genuch gebaupst, net genuch gepriedegt. An hien huet och keng Spiichten, keng Märecher, keng Storiette parat, mat deenen hien eis dervun iwwerzeege kéint, hien wier – soe mer – 1920 gebuer wéi de JCJ an hätt mat der ganzer Welt telefonéiert an hätt iwwerall seng Fiedem gesponn a wéisst alles besser. Dat bréngt den XB net. Hie bréngt 11 Minutte Briefing nom Regierungsrot. Hien ass ebe wéi déi aner Schneideren a Gramegnaën a senger Regierung foncièrement en Technokrat. Dat passt bei Luxembourg for business an et passt bei Luxembourg for finance. Et ass e Spigelbild vun de soziologesche Verännerungen, déi mer hunn. An et passt bei de nation-branding, dee se wëlles hunn, ouni d'Natioun gefrot ze hunn, op déi eng mam Brandeise wëll an ob mer duerno als gezeechent Kaalwer duerch d' Weltgeschicht lafe wëllen.

De national-kathoulesche story-telling vum JCJ a sengem Club, deen huet ëmmer nëmmen op de Muecht-Erhalt gezielt an op soss näischt. Dat hu se an der Koalitioun zwar bekäppt, mä si hunn nach näischt fonnt, mat deem een de Leit op den Dëppefester kloer maache kéint, se bräichten nëmme bei si ze kommen, da géif eppes ginn aus hinnen an hire Kanner. Den CSV-Staat, dee gouf a laange Joren opgebaut. Ech froe mech just, ob et e nach gëtt mat sengem bleiwe-wat-mer-sinn-a-wat-mer-hunn-Fëllement. Ob sech net heemlech-onheemlech alles verännert huet. D'Business-Ideologie an de Konsumissem hunn d' Land wirtschaftsliberal usurpéiert. Déi Success-Story ass awer an de Gemidder nach net ukomm. Nei Heldegeschichte si néideg, nei Géigner a nei Feinde gi gebraucht. D'Islamiste komme grad giedlech. Un hinne kann ee sech de wichtege Batti stellen.

An domat si mer erëm beim Futtball. Mir kruten eng Invitatioun, vun der FLF: Eis Equipe nationale féminine spillt e Sonndeg zu Steën géint d'Frae vun den Emirats Arabes Unis. Déi hu beim Futtball d'Burka un, dach, dach. An de Laurent Mosar an de Claude Haagen an e pur aner Honorabel déi kommen op de Match. Déi lafen deene Fraleit no fir hinnen d'Burka erofzerappen. Si maachen aus dem Football e Strip-Poker. Just datt se ze al an ze midd sinn, déi jonk Fraen ze erwëschen. An d'Feministinnen, déi bei der Clôture protestéiere wollten, déi wësse guer net, weem se d'Parti halen sollen. An dowéinst brëlle si emol Roude Léif huel se! a kee weess hautdesdaags nach wien oder wat gemengt ass.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.