Commentaire vum Claude ZeimetzBrexit: Angscht virun enger neier Blokad

Eng Analys virum EU-Sommet zu Bréissel ...

De virsiichtegen Optimismus, datt et an der EU ouni ugezunne Brems vun der britescher Insel méi séier goe kéint mam europäesche Zukunftsprojet, ass déi lescht Deeg scho fatzeg  ausgebremst ginn. Trotz knappe Prognosticen hat wuel keen de Brexit sou richteg um Radar. Nach gëtt et dowéinst keng Strategie. Weder zu Bréissel, nach zu London.

Dat Vereente Kinnikräich ass fir d’éischt mol mat internen Turbulenzen konfrontéiert. D’Pond ass gëschter op den déifsten Niveau zanter 31 Joer gerëtscht. D’Schotte wëllen en zweeten Onofhängegkeetsreferendum a méi wéi 3,6 Millioune Leit hate bis gëschter Moien eng Petitioun ënnerschriwwen fir kënnen eng zweete Kéier iwwert den Austrëtt ofzestëmmen. Datt hir Stëmm wierklech eppes ännere géif, hate se nämlech net gemengt.

Den David Cameron gëtt awer dat waarmt Eisen u säi Successeur virun. De britesche Finanzminister Osborne wëll och op en adequaten Zäitpunkt waarden fir déi formell Austrëttsdemande ze stellen. Fir d’éischt soll et eng kloer Visioun vun den neien Arrangementer mat den europäeschen Noperen ginn. Berlin awer ass géint sou Virgespréicher. An d'Verhandlungen iwwert den neie Statut hu mol nach net ugefaang.

Se hunn aggressiv Campagne gemaach an hu sech, entgéint den Erwaardungen, souguer duerchgesat. Elo awer wëll keen eppes vun enger séierer Sortie aus der EU wëssen. De Rescht vun der Europa steet domadder nom Brexit am Kader vum Sommet haut a muer virum gewinnte Problem. Claude Zeimetz

An esou kéint aus dem Wonsch no enger propperer Scheedung “e Schreck ouni Enn” ginn, deen der EU keen neien Driff  gëtt ma se iwwer Joren blockéiert. An da mussen déi 27 jo och  nach ënnerteneen eens ginn.

De Commentaire vum Claude Zeimetz (28. Juni)



Am aktuelle Kontext dierf ee wuel kaum awer domadder rechnen, datt déi europäesch Politklass, no der Cacophonie an der leschte Méint, elo mat enger Stëmm schwätze wäert. Ze grouss sinn déi national Grief déi Finanz- a Wirtschaftskris, de Griichenlanddrama a besonnesch d’Flüchtlingskris tëscht de Memberstaate gezunn hunn. Grief aus deenen besonnesch d’Populisten zelescht mat Succès Profit zéie konnten.

D’Flüchtlingsmouvementer konnte réischt duerch den héich ëmstriddenen Deal mat der Tierkei punktuell gebremst ginn. Mat all den diplomatesche Konsequenzen wat dat mat sech bruecht huet.

An elo gëllt et déi nächst Joeren nach eng weider Kris ze managen.

Mat den übleche Floskelen vu bis elo, dem Vertréischten op spéider Rendez-Vousen ass et no der Referendumskatastrophe op dësem Sommet awer net gedon. Kann et net gedo sinn wann et engem wierklech eescht ass d’EU de Bierger méi no ze bréngen.

Regelrecht grotesk ass an deem Kontext d’Tatsaach, datt Groussbritannien, reng theoretesch gesinn, an der zweeter Hallschent vum anere Joer d’Presidence vun der Europäescher Unioun iwwerhuele soll. Wann et engem och nëmmen e bësschen eescht gemengt der EU eng Grëtz Credibilitéit erëm ze ginn, dierf een et net sou wäit komme loossen. Dat ass déi europäesch Spëtzt net ze Lescht der Jugend schëlleg. Déi Jugend, déi majoritär och an Zukunft gär Deel vum europäesche Projet bliwwe wär, obwuel se d’Gebuert vum Friddensprojet nëmmen aus de Geschichtsbicher kennt. Déi Jugend iwwert deenen hir Käpp ewech déi Eeler am Vereente Kinnikräich decidéiert hunn. Déi awer an anere Memberlänner mat Recht drop waarden, datt Europa hinnen eppes z’offréieren huet.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.