Commentaire vum Guy KaiserWat elo, Luc Frieden? Wat elo, CSV?

E leschte Samschdeg war de Luc Frieden an eiser Emissioun Background am Gespréich. Dozou de Commentaire vum Guy Kaiser.

De fréiere Finanzminister huet virun iwwer 2 Joer aus der Chamber demissionéiert a wëll zeréck an d'Politik. Hien ass ëmmer nach eng Persoun, déi polariséiert. Eng Partie Leit sti fest zu him, fannen de Mann kompetent, halen hien fir serieux; dat ass net eng hauchdënn Minoritéit, wéi déi lescht Ëmfro erginn huet: no ronn 30 Méint am Exil zu London kënnt hien ëmmer nach op 44 Prozent Ënnerstëtzung vun de Wieler. Dat ass net näischt!

Commentaire vum Guy Kaiser (30. Juni)


An awer huele ganz vill Leit him et kromm, grad an enger Zäit d'Politik verlooss ze hunn, wou seng Partei hien am meeschte gebraucht hätt; anerer werfen him ze excessiv Geschäfter vir mam Qatar, nees anerer kommen mat engem Intermezzo aus der Bommeleeërgeschicht, jee, de Mann kritt als laangjärege Regierungsmember säi politesche Passé ënnert d'Nues geriwwen, zu Recht oder zu Onrecht. De Luc Frieden wär also e Spëtzekandidat, dee staark ugekraazt ass, souzesoen als fréiere Compagnon vum JCJ, Symbol vun enger Zäit, déi eriwwer ass.

Virwat also dee Mann zeréckhuelen? Kloer, hie bréngt Stëmmen, op alle Fall bedeitend méi wéi Kandidaten aus der zweeter oder drëtter Rei. Hien ass de Garant fir e Sëtz am Zentrum. Dat awer geet dem Luc Frieden net duer. Hie wëll Spëtzekandidat ginn, a wa méiglech, spéider Staatsminister. Dofir schéngt et allerdéngs ze spéit ze sinn: d'Ënnerstëtzung aus dem Vollek ass net méi grouss genuch, déi aus der Partei selwer och net.

Opgefall ass mir dat heiten: Ugangs Januar koum den Här Frieden op Radio Lëtzebuerg, fir säi Buch virzestellen a mat engem Tëschesaz ze verstoen ze ginn, datt d'Politik ëmmer nach spannend ass; nëmme Wochen drop koum de Claude Wiseler an huet sech selwer an d'Course fir d'Spëtzekandidatur geschéckt. Do wollt wuel ee vermeiden, datt deen aneren, dee fahnenflüchtig gi war, him sollt d'Kiischt vum Kuch huelen.

An dobäi bleift et wuel och: de Wiseler huet nom Depart Juncker als Oppositiounsleader ugefaangen, a gëtt déi aner Woch vum Nationalcomité als Spëtzekandidat confirméiert. Op deem Plang geet de Luc Frieden eidel aus.

Him feelt et u Mënschekenntnis, eng wichteg Komponent am Liewen, an och an der Politik. Villäicht kënnt dohier d'Meenung op, datt de Mann e kaalt Häerz huet? Ma Kompetenzen huet hien, dohier sinn ech der Meenung, datt de Mann eng Plaz verdéngt hätt an der Europapolitik; hie selwer war jo gescheit genuch, sech déi Dier opzeloossen...

Stroossbuerg wier eng Optioun, eventuell och Bréissel, ma do misst fir d'éischt deen anere Lëtzebuerger him Plaz maachen....djöft , lo hunn ech grad säin Numm vergiess.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.