Tëscheruff vum Nico GrafCoup de geule

Zweemol Sursis a Geldstrof, ee Fräisproch – déi éischt Manche vun de juristesche Luxleaks-Suiten ass erduerch. En Tëscheruff vum Nico Graf.

Virop emol eent: ech sinn net Jurist, ech si Journalist. An dowéinst emol scho frou, datt wéinstens de Journalist fräigesprach ginn ass. Datt hien iwwerhaapt e Prozess gemaach krut, dat war scho genuch Skandal. Mä bon, an dëser Saach kënnt et op e Skandal méi oder manner net un.

Den eigentleche Skandal, deen ass jo jorelaang gelaf, am Stempel-Büro vum Marius Kohl, à l' insu de notre plein gré vun alle Regierungen, vun allen Deputéierten, wa mer éierlech sinn: vum ganze Land. Mir wossten et einfach all, datt mer mat ganz legalen Steier-Tricken déi aner Länner ëm Steiergelder gestrëppt hunn, iergendwéi beduckst hunn, hinne Stroossen, Crèchen, Schoule geklaut hunn. Et gouf do Speck a mir waren d' Mued dro dran. Gebongt: d' Amerikaner an d' Englänner an d' Fransousen an d'Belsch, déi maachen dat och. Mä déi si grouss genuch, datt et hinne näischt deet, wann dat gesot gëtt.

Mir awer mir si kleng genuch, datt een eis nach méi kleng maache kann, wann een eis beim Tricksen erwëscht. Mir hu keng Arméi, keng ökonomesch-finanziell Muecht, déi eis wichteg a mächteg kéint maachen op der Welt. Mir hu just Iddiën an heiansdo och Prinzipien. Wa mer geschätzt ginn an der Welt – wat eis jo – kuckt Charly Gaul, Camillo Felgen, Edward Steichen oder jcj – wat eis jo esou immens wichteg ass fir eist nationaalt Brandzeechen, war mer estiméiert ginn, dann ass wéinst eisem Kënnen, eiser Kreativitéit, eiser, ups, fréier: Integritéit.

An eben déi krut e kräftege Coup. Eben duerch, de steierpolitesche Doping. Deltour an Halet hunn déi gebrauchte Sprëtzen aus dem Dreckseemer geklaut a gewisen. A wéi ëmmer ginn emol déi gekäppt, déi di schlecht Nouvelle bruecht hunn. Hei gi se gekäppt mat formalisteschen Argumenter, dem juristesche Buchstaw no. An zack kritt d' Land erëm e Fouss hannebäi. Deen hu mer eis awer selwer ginn, wéi mer mat de ganz legalen Steier-Tricken ugefaang hunn. Elo ass eis Regierung ganz houfreg, en anere Modell fir d'Finanzplaz ze hunn, op anere Satellitte no Gold ze schürfen.

Streng no Katechessem gesot: mir kleng Butzen hu géint dat 11. Gebot verstouss, mer hunn eis erwësche gelooss. Elo huet d'Justiz erëm géint dat 11. Gebot verstouss: se huet sech virun der ganzer Welt erwësche gelooss, eng Geleeënheet ze verpassen, intelligent a gerecht ze wierken. Wéinstens den Appel ass méiglech, très bien.

En attendant eng Propose: wann dat falsch war, wat jorelaang gelaf ass a wéi et elo all Mënsch seet, da sollte mir eng national Spenden-Aktioun maachen fir den Ugekloten hir Affekote-Käschten ze bezuelen. An de symboleschen Euro fir PWC soll am Staatsbudget stoen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.