Commentaire vum Roy GrotzWe’re coming home …

Nach zwee an en halleft Joer: da gi mer nees wielen! Vill Zäit also nach fir sech politesch beléift oder onbeléift ze maachen. D'CSV iwwerléisst näischt dem Zoufall an huet ewell de Spëtzekandidat nominéiert, deen 2018 op den Affichë wäert laanscht d'Stroosse stoe kommen ...

Ob faarweg oder schwaarz-wäisse Portrait: no de Juncker-Portraiten, déi de Wieler de séchere Wee versprach hunn, ass et 2018 also de Claude Wiseler, dee fir seng Partei deen - nach méi séchere Wee - zréck aus der Oppositioun soll weisen.

Commentaire vum Roy Grotz (5. Juli)

De fréiere Proff, deem ee wéinst näischt esou richteg ka béiss ginn an dee bis ewell éischter en diskrete Mann am Hannergrond war, soll also à la une dat fäerdeg bréngen, wat se bei der CSV esou erbäi hoffen – erof vun den haarden Oppositiounsbänken an nees zréck an d'Regierungsfotelle fir d'Land no der chrëschtlech-sozialer Vue nees politesch ze miwwléieren.

Sécherlech huet de Claude Wiseler de Charisma fir rassembleur ze sinn – sécher ass hien nach vill manner beschiedegt fir als Spëtzemann fir déi Schwaarz/Orange an d'Course ze goen, wéi iergend en aneren CSV-ler, mee muss e Spëtzekandidat net och Ecken a Kanten hunn – däers wat de JCJ vläit ze vill hat, gëtt et beim CW net am Iwwerfloss, mee wat net ass, ka jo nach kommen.

Et héiert ee vu Coursen, déi de Stater CSV'ler geholl huet, fir och rhetoresch an am Optrieden nach besser eriwwer ze kommen – determinéiert a mat engem Projet – e Spëtzekandidat muss och e „Macher-Typ“ duerstellen.

Tjo an dann huet elo d'CSV dee Mann also, deen och als Wonschkandidat bei der Parteispëtzt op der Lëscht stoung ... d'CSV ass bekannt näischt dem Zoufall z'iwwerloossen an éischter manner och d'Partei vun de wierklech groussen Iwwerraschungen.

Et war scho bal eng Iwwerraschung dann awer, datt op eemol Frieden, Reding an Hansen als potentiell Kontrahente mat an de Ring geklomme waren, fir och als Spëtzekandidat mat an d'Course ze goen – et gouf eng light Versioun vu Primaries organiséiert – jo esouguer eng Zort Hearingen goufen et mat den CSV-Ënnerorganisatiounen – et soll keen herno soen, et hätt ee sech keng Méi gi fir de Personnage Wiseler ze legitiméieren.

Der Partei war et also egal, datt sech elo quasi 3 aner Spëtzepolitiker regelrecht geaffert hunn, fir dem Claude Wiseler seng Nominatioun als wierklech „parteigedroen“ duerzestellen. Viviane Reding a Luc Frieden kréien europäesch Posten en vue gestallt, d'Martine Hansen iwwerhëlt vläit Landwirtschaft oder Educatioun an der neier Regierung ... ah jo ... do virdru mussen d'Wahlen awer nach gewonne ginn ... an och ah jo ... et muss sech nach e klenge Koalitiounspartner fannen ... an do dierft een den Affront vun der LSAP net vergiess hunn vun 2013 ... bleiwen also nach déi Blo oder déi Gréng, woubäi Schwaarz-Gréng genee esou en Experiment wéi Gambia wier ... an dat ass dach bis dato fantastesch gegléckt geldiert?!

Schued just ëm de Sondage-Held Asselborn, deen dann awer muss an d'ausspolitesch Pensioun, fir dem François Bausch Plaz ze maachen – mee dat sinn also Spillercher um Politiker-Schachbriet – an do hu se genuch ze koschteren den Ament bei de Genossen, iwwerdeem bei der CSV de Kinnek gekréint ass, dee seng – plus/minus soudéiert – Ekippe mat an d'Schluecht ëm de Krautmaart 2018 hëlt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.