Commentaire vum Franky HippertDe Stellewäert vum Sport zu Lëtzebuerg, Null!

Vun e Freideg bis en Donneschdeg-8-Deeg ass iwwer 5 Deeg, déi 26. Editioun vum Wibbel an Dribbel. 3.000 Kanner aus dem Cycle 3.2, dat heescht aus dem 4. Schouljoer kënnen an der Coque 14 verschidde Sportaarten entdecken. Et kann awer nach laang net all Klass aus dem 4. bei dësem Sportsdag, dee vum Sportsministère organiséiert gëtt, matmaachen. Et muss geloust ginn, an dat kann dach net sinn, seet de Franky Hippert an engem Commentaire.

© Eric Steichen
D'Aktioun selwer, "Wibbel an Dribbel" ass jo absolut luewenswäert. Wann een dann awer héiert, datt net all Klass aus dem Land, déi wéilt bei dësem Sportsdag matmaachen, kann ugeholl ginn, an d'Lous decidéiert, da rëselt een am Ufank de Kapp, an et seet ee sech, datt et wuel e schlechte Witz war. Wann een dann awer nohaakt an héiert, datt et déi batter Realitéit ass, an datt dat och näischt neits ass, dann ass ee regelrecht entsat, an et stellt ee sech vill Froen!

Tëscheruff vum Franky Hippert (4. Juli)



Ass dat de Stellewäert, deen eis Politik dem Sport, an der Entwécklung vun eise Kanner, gëtt? Et ass och ze héieren, datt eng Rei Gemengen d'Invitatioun fir de "Wibbel an Dribbel" guer net un hiert Léierpersonal weider ginn hunn? Wéi kann et sinn, datt net all Kand am Land am 4. Schouljoer dat nämlecht Recht huet? Wat sinn d'Grënn? A Sonndesrieden, an neierdéngs och an der Ried vum Premier op Nationalfeierdag, gëtt ëmmer gär gezielt, wéi wichteg de Sport dach ass... Guer näischt! De Contraire ass de Fall, de Sport gëtt nach ëmmer vun der Politik wéi e Stéifkand behandelt. Beim Beispill vum "Wibbel an Dribbel" gëtt et nees kloer. Déi eenzeg Plaz, wou een all Kand erreecht, fir ëm Goût um Sport ze ginn, ass an der Schoul. Wéi wann et net schonn schlëmm genuch wär, datt wat ee méi héich am Schouljoer geet, et manner Sportstonne ginn ... am Lycée ass dat jo och flagrant, wou zum Schluss just nach eng Sportstonn virgesinn ass, esou kritt an dësem Fall net all Kand am Land, d'Méiglechkeet um "Wibbel an Dribbel" deelzehuelen. A guer net ze schwätzen vun der Enttäuschung vun de Kanner wann hir Klass net gezu gouf. Een Dag méi géif duergoen, ass ze héieren. Wat sinn dann elo d'Grënn firwat dës Aktioun net ausgebaut gëtt? Et sollen der 3 ginn. An Island géife se wuel driwwer laachen. Fir d'Federatiounen déi matmaachen, wär et net evident nach e weideren Dag Leit ze fannen déi dat ganzt encadréieren, et wär och schwiereg e weideren Dag an der Coque ze sinn, well doduerch aner Schoulklassen dann net kënnen dohinner goen, an et wär och eng Saach vum Budget. De Sportsministère misst sech schonn dréien a kéieren fir d'Aktioun all Joer finanziell ze stemmen. Fir déi zwee éischt Grënn, muss eng Léisung fonnt ginn, ma awer och besonnesch deen Drëtten, däerf an Zukunft hei zu Lëtzebuerg kee méi sinn, an dat natierlech net just fir d'Aktioun "Wibbel an Dribbel".

Well soss brauch ee sech net ze wonneren, wann et hei am Land heescht:

De Stellewäert vum Sport zu Lëtzebuerg, Null, SËTZEN!!!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.