Commentaire vum Pit EverlingOp der Sich no ministrabele Leit

Den Aarbechtsminister wëll net méi, op d'mannst net méi hei am Land. E Regierungsremaniement steet an d'Haus. Ma de Manöver ronderëm den Nicolas Schmit deet der Regierung an der LSAP egal wéi net gutt, mengt de Pit Everling.

Et gëtt nämlech schonn erëm kee Plang B oder keng Pläng B.

Et ass fir unzefänke guer net sécher, datt d'Stillgeréckels Grethen-Schmit iwwerhaapt geléngt. Den Henri Grethen brauch fir e Wiessel bei d'Spuerkeess de Go vun der EZB, wat wuel net evident ass. Gëtt et do déi rout Kaart, da ka keen de fréieren DP-Minister drun hënneren, säi Mandat bei der Cour des Comptes fäerdeg ze maachen, dat geet bis 2019.

Den Nicolas Schmit géing dee Moment – europäesch gesinn – eidel ausgoen, schonn erëm.

Wat geschitt dann? Gutt Fro!

De Commentaire vum Pit Everling



Bleift den Nicolas Schmit Minister, dann ass hie sécher geschwächt. D'ganzt Land weess nämlech dann, datt um Rousegäertchen een an engem wichtege Ministère sëtzt, deen eigentlech net wëll do sinn. Senger politescher Handlungsfäegkeet hëlleft et sécher net.

Op der anerer Säit géing et ufänke peinlech ze ginn, wann elo nach en anere Posten X als Noutléisung géing aus dem Hutt gezaubert ginn. Politesch Placementer kommen an dësen Zäiten einfach net méi gutt u bei de Leit - cf. Maggy Nagel.

Wann d'Saach mam Karussell Grethen-Schmit dann awer sollt glécken, da steet d'Regierung virun engem anere Problem, e Problem dee se awer schonn 2 Mol hat.

Et gëtt bei Blo-Rout-Gréng eng Pénurie u ministrabele Leit. 2 Mol gouf et bei deene Bloe kee wierkleche Plang B. Déi drëtte Kéier ass et, wéi et ausgesäit, bei deene Rouden net vill anescht.

Als Erënnerung: Wéi de Staatssekretär André Bauler d'Handduch gehäit huet, ass d'DP de Fënneftgewielten op hir Nord-Lëscht siche gaangen, fir sech ëm d'Héichschoul ze këmmeren.

Nach vill manner optimal ass de Récktrëtt vun der Ministesch Maggy Nagel iwwert d'Bühn gaangen. Obwuel dëst sech méintelaang annoncéiert hat, war e ganzt Land en hallwen Dag am Gaangen, no engem potentielle Successeur ze sichen, iert en net grad jonken Zentrumsdeputéierte sech um Enn bereet erkläert huet, fir Verantwortung ze iwwerhuelen.

Datt den Nicolas Schmit der nationaler Politik de Réck wëll dréinen, ass zënter Jore gewosst. An - richteg: Et gëtt kee Plang B.

De Romain Schneider soll Aarbechtsminister ginn, wat Sënn mécht, hien huet viru senger politescher Karriär an deem Beräich geschafft an den "Schniggi", wéi se en nennen, ass a sengem Wahlbezierk och ganz beléift.

Da géing de Sozial-, de Cooperatiouns- an de Sportministère fräi ginn, virausgesat, de Romain Schneider gëtt all seng Ressorten of.

Wat huet d'LSAP als Ersatzfra oder Mann ze bidden? D'Francine Closener war clever genuch fir ofzewénken. Eventuell ministrabeler heeschen nach Yves Cruchten oder Franz Fayot, se sinn awer Männer, wunnen op der falscher Plaz oder kréie sech intern net duerchgesat.

Gutt Chancen op e Regierunsposte soll d'Tess Burton hunn. D'Deputéiert huet de Virdeel, datt se hannert dem Nicolas Schmit den Nächstgewielte Kandidat am Wahlbezierk Osten war. Si ass eng Fra a si ass jonk. Vun hire politesche Kompetenzen huet d'Land bis ewell awer nach net vill gesinn oder héieren.

Et ass eigentlech e Problem, deen der CSV ëmmer nogesot gouf.

Ma och déi aktuell Regierungsparteien hunn et verpasst, hir Leit aus der zweeter Rei opzebauen, fir de Fall wou ...

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.