Commentaire vum Nico GrafRien ne va plus

Frankreich 0, Portugal 1 – dat war d'Resultat e Sonndeg den Owend spéit. Désillusion, Dolchstouss, cruauté, douleur, Trauer, Tréinen – dat sinn nëmmen e pur Wieder, déi d'franséisch Presse benotzt. De Commentaire vum Nico Graf!

AUDIO: Commentaire vum Nico Graf (12. Juli)



Esou ass dat: wann d'Sondage schlecht sinn, da sinn et nëmme Sondagen a wann d'Finale verluer gëtt, dann ass et nëmme Sport. Mä wann d'Sondage gutt sinn an de leschte Match gewonne ginn ass, dann dréckt sech alles virbäi a participéiert um Succès.

Wat wier dat eng Aubaine gewiescht fir de François Hollande, e Succès fir d'Grande Nation, d'unité nationale hätt sech bewisen an, firwat net, et wier carrément e Succès gewiescht fir d'République... an e klitzeklenge Revival vun black-blanc-beur. D'Bleue Marine wier am éischten Tour vun de Présidentiellen eliminéiert ginn a wahrscheinlech hätt de Président normal sech esouguer Hoffnunge gemaach, géint all Attente dach nach erëmgewielt ze ginn.

Eng zefridden Natioun tendéiert eben zum Status Quo, national Allégresse ass gutt fir déi um Rudder.

An elo dat do.

Déi Bleus, also déi Black an déi Blancs, hu verluer, Beurs waren souwisou keng derbäi. Schlecht Laun, Tristesse a Morositéit breede sech nach méi aus. Och wann nach esouvill dervu geschwat gëtt, datt d' Equipe op engem gudde Wee wier an datt hir Zukunft hiren Avenir ass an den éischte WM-Qualifikatiounsmatch ass, euh, waart emol, ech hunn et gläich, juste un moment, am September, voilà.

Nee, nee mat deem verluerene Match vun e Sonden huet den Hollande wuel seng lescht Chance verspillt, weider Président ze spillen. De Chaos dierft en la douce France nach zouhuelen, Hallef-Lénks géingt Lénks géingt ganz Lénks géingt Gréng, bei de Konservativen eng Dose Kandidaten a Gewerkschaft géingt Gewerkschaft. A näischt gëtt ugepaakt. A wann, da geet et koppeg aus: do ginn dann aus Sécherheetsgrënn d'Luuchten am Stade de France eng Nuecht laang ugelooss, fir datt kee Béisen eppes stiichte kann et le naturel revient au galop oder kënnt en masse geflunn an da muss mat Staubsauger a Käercher gebotzt ginn. Esou Connerien weisen, datt déi bescht Préparatiffe kënne no hanne lass goen a se weisen, wéi wéineg Ahnung een hautdesdaags nach vu Natur huet, déi geflantert kënnt. Lépidoptères fléien op Lumières, d'Grande Nation ass vu Bestiole blaméiert. Da kriegst du die Motten.

A propos Grande Nation.

Mat deem Label si jo déi aner Natiounen ipso facto petites nations. An der Grande Guerre footballistique haten d'Fransousen jo grad géingt d'Preisen eng Victoire mémorabel erkämpft, de Match géint de klenge Portugal war nëmmen eng Formalitéit. An elo dat do. Das Runde wollte nicht ins Eckige, wéi se déisäit soen. An déi Kleng hu gewonnen. Wéi mir aner dat gär hunn. An dat huet séier wuel alt erëm mat Politik ze dinn. Well éischtens ass et gutt, datt déi Däitsch net och nach Europameeschter am Football gi sinn, an zweetens ass et och gutt, datt déi aner grande puissance net EU-Meeschter ass. Et war nämlech negativ opgefall, datt nom Brexit hefteg ze soe privat Conciliabule waren. Wou? Ma jo zu Berlin. D'Merkel hat den Hollande geruff, dee war gelaf komm an als Alibi hate se den Italiener matgeruff. Et sollt net ausgesinn, wéi wann Preisen a Fransousen eleng d' Rudder géifen iwwerhuelen an der EU. Vergesst mir die kleinen Länder nicht! Hat iergendee konservativen däitsche Politiker an engem intelligente Moment iwwer d'EU-Politik gesot a mir aner Klenger hunn dee Saz immens gutt verhalen, och wann déi Grouss zimlech amgaang sinn, en ze vergiessen an, siehe Schäuble vs. Griicheland, an duerfir ass et immens gutt, datt elo e Klenge gewonnen huet. E schwéier geplote Kléngen. A nach besser, datt se gewonnen hunn, ouni hire Beschten. Comme quoi, léif Kanner, ee gesäit, datt eng Equippe, déi zesummeschafft och dann eppes fäerdeg brénge kann, wann de Leithammel ausfält oder gefält gëtt. Och dat an dësem zerstriddenen europäesche Club eng interessant Moral vun der Geschicht.

A mir aner a Little-Lusitanien, mir freeën eis mat eise Portugisen.

A ginn hinne kee Wahlrecht fir d'Chamber.

Bei aller Léift, sozial Cohésioun ass eppes Schéines, mä et soll een et net iwwerdreiwen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.