Commentaire vum Guy KaiserWéi eng Revolutioun

Gëschter war lescht Sëtzung an der Chamber virun der grousser Vakanz. D'Saison ass domatter politesch eng Rei Wochen am Leerlauf. Net alles war déi lescht 10 Méint politesch richteg brisant, ausser Noriichten, déi aus der Europäescher Unioun koumen, mengt eise Chefredakter Guy Kaiser.

Déi viregt Saison hat mech am meeschten de Referendum zu Lëtzebuerg markéiert ; dës Saison war et de britesche Referendum, deen déifgräifend Konsequenzen wäert mat sech bréngen, politesch, wirtschaftlech, finanziell.

Déi zwee Referendumen hunn eppes gemeinsam : et goung zweemol drëm, deenen un der Muecht eng op d’Noss ze ginn ; wat net wëll bedeiten, datt bei eis net awer eng Majoritéit géint dat geplangtent Wahlrecht ass, mä, awer dach keng 80 Prozent. Am Referendum déisäits vun der Manche wär bestëmmt keng Majoritéit fir de Brexit zustane komm, wann d’Bierger korrekt iwwer d’Konsequenzen dovunner an d’Bild gesat gi wieren. An et gëtt eng gewësse Roserei ënner de Leit vun der Strooss, géint déi, déi un der Muecht sinn, sief et duerch de Fric, sief et duerch d’Politik. Egal wéi een et awer dréit : Millioune Leit, dorënner där mat méi Häerz ewéi mat Verstand, hu fir de Brexit gestëmmt, an dee Verdikt weist dach, datt déi europäesch Unioun e grousse Changement batter néideg huet.

Ech hunn et schonn  bei de leschten Wahlen fir d’Europaparlament esou verspuert. De Bierger kritt ëmmer verzielt, wéi schéin et dach ass, iwwer d’Grenze kënnen ze fueren, ouni mussen de Pass ze weisen. Dat stëmmt duerchaus, ma geet net méi als Argumentatioun duer. D’Unioun ass eng Gemeinschaft vun Natiounen, déi fir de Fridde steet. D’Unioun ass eng Entitéit, déi fir europäesch Wäerter steet ; d’Unioun ass wéi eng Famill : geet et deem engen net esou gutt, kritt hien vun deenen anere gehollef. Stëmmt alles, awer nëmmen zur Halschecht. D’Unioun ass wuel eng Entitéit, ma ouni Eenheet. Méi wéi eng Kéier huet sech Europa mat senger Aussepolitik blaméiert.

Fille mer eis net fir d’éischt als Lëtzebuerger, da réischt als Europäer. Besteet déi Unitéit just aus Begrëffer, wéi Fräiheet, Gläichheet a Bridderlechkeet?

A wéi war an ass et dann mat der Flüchtlingsproblematik ?! Do goufe mir Europäer e Bild vun der Erbäermlechkeet of, wou sech Solidaritéit rare gemaach huet. Iwwer eng Millioun Leit waren bei eis eriwwerkomm, doropperhinn huet sech d’Roserei vun de Leit a vun de Memberlänner op déi zentraliséiert, wëll heeschen, geballte Muecht vun der Unioun entwéckelt : d’Europaparlament an d’europäesch Kommissioun. Solution de facilité natierlech, well dem Juncker säi Bunker zu Bréissel ka wuel zoustänneg sinn fir eng Directive fir d’Waasserpompel vu menger Chaudière, awer net fir Syrer, déi d’Liewen an hirer zerbommter Heemecht midd sinn.

Besteet déi Kommissioun awer net dacks aus Leit, déi zu hirer Institutioun stinn, als Selbstzweck, als Brötchengeber. De JCJ ënnerstëtzt de Martin Schulz an ëmgedréit. Esou komme mir kee Schrack weider. Net Europa, ma d’Europäesch Unioun muss sech radikal veränneren. Esou, wéi et de fréieren tschechesche President Vaclav Klaus formuléiert : « d’Mentalitéit vun der Elite muss ophéieren, et muss Politik gemaach ginn fir den einfache Mënsch ».

Dat héiert sech scho bal un ewéi eng Revolutioun, an elo kënnt och nach Italien un d’Wibbelen.

Fortsetzung folgt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.