Commentaire vum Franky HippertRio war net prett

Gëscht sinn déi 31. Olympesch Summerspiller am legendären Maracanastadion op en Enn gaang. Et waren déi éischt Spiller a Südamerika. No 18 intensiven Deeg kënnt de Franky Hippert a sengem Commentaire mat sengen Impressiounen zu der Conclusioun, datt d'Spiller fir Rio ze fréi koumen.

© Eric Steichen

D'Landschaft vun Rio ass wonnerschéin. Mat de Koppen an de klenge Bierger op där enger Säit, an dem Mier op där anerer, kéint een och mengen, et wär een op der Côte d'Azur. Wann een dann awer e bësse rondërem sech kuckt, an d'Favelae gesäit, huet ee verstan, wat ee mat enger falscher Politik, wou déi Räich ëmmer méi räich, an déi Aarm ëmmer méi aarm ginn, zum Onwee maache kann.

Wee fir de Stroossebau zu Rio responsabel ass, kritt wahrscheinlech och net den Nobelpräis an der Logik. Wann ee wëll lénks ofbéien, muss ee fir d'éischt emol kilometerlaang riichtaus fueren, dann eng 180 Grad Kéier huelen, an nees kilometerlaang zeréckfueren, fir op déi Plaz ze kommen, wou ee wëll.

D'Olympiastiet sinn am Prinzip während deenen déck zwou Wochen ëmmer relativ sécher. 85 Dausend Zaldoten a Polizisten waren ënnerwee. An et waren der wierklech vill ze gesinn. Am Ufank ass ee sech awer virkomm, wéi wann do kleng Kanner eng nei Spillsaach kritt hätten. Mat hire Motorrieder, Harley Davidson w.e.g. si se gerannt komm, an d'Sirenen hu gejaut, wat hues de wat gëss de! An der zweeter Woch war et dunn op eemol vill méi roueg. A propos roueg. Sou richteg Olympiaambiance ass während der ganzer Zäit net opkomm. Eréischt zum Schluss hat een d'Impressioun, wéi wann d'Brasilianer verstan hätten, wat Olympesch Spiller sinn. Do hëlleft och kee Pudderen an kee Schminken, d'Organisatioun zu Rio war net um olympesche Standard, an dat quasi a alle Beräich..., dat geet vun der Internetconnectioun iwwer geschoulten Personal, bis bei de katastrophalen Taxitransport, oder de Kaffi um Pressesall, deen um drëttleschten Dag ausgaang ass.

„Do not complain, do really not complain“, sot eis eng Brasilianerin, eng vun de wéinegen Persounen, déi eppes anescht geschwat huet wéi brasilianesch, „mir haten guer net geduecht, datt mir déi Spiller hei iwwerhaapt esou hikréischen“. Moustiquen waren och do, an et goufen och emol Leit gepickt, mä während der Zäit zu Rio war dat bal keen Thema. Krank ass ee virun allem duerch d'Klimaanlagen ginn. Hei kenne se just 2 Fonktiounen. Entweder volle Power, oder aus. Meeschtens war dat éischt de Fall.

Wat de Lëtzebuerger Comite Olympique ugeet, huet een heiandso den Androck, wéi wa si esou ähnlech géife fonktionéiere wéi d'Brasilianer. Esou e bësse riets a lenks bricoleieren, wann et nees iergendwou néideg ass. Eng Bilanpressekonferenz ze maachen, ier de leschten Athlet am Asaz war, ass scho speziell. Quasi e Staatsgeheimnis maachen, wien de Fändel dréit, gehéiert och zum Standardprogramm. Dacks läit de Directeur Technique vum COSL Heinz Thews jo richteg bei sengen Analysen. Hei zu Rio huet een sech awer heiandso Froe gestallt. Natierlech hätt de Gilles Muller géint de Spuenier Bautista Agut kënne wannen. Fir eng Medail ze kréien, wären awer nach 3 Matcher virum Lëtzebuerger Sportler vum Joer gewiescht, a virun allem hätt an der ¼.els Final en Del Potro gewaart, deen eng onmoosseg staark Woch gespillt huet...

Oder wéi den Thews d'Taktik vum Charel Grethen a Fro gestallt huet, woubäi déi meescht Experten sech eens sinn, datt de Mëttelstreckeleefer de Maximum probéiert huet. Rio 2016 si bei wäitem déi Spiller, déi am mannsten gutt organiséiert waren, ass vu Journalisten ze héieren, déi der schonn 10 a méi um Bockel hunn. Déi brasilianesch Organisateuren hu sécherlech hiert Bescht ginn! Säi Bescht ginn, heescht awer nach ëmmer net, datt et gutt war! Fir d'Olympiapremière a Südamerika huet een éischter nom olympesche Motto gelieft; dobäi sinn ass alles, an ee Gléck, datt et eriwwer ass! Vläit wäre se an 4 Joer a Brasilien e bësse méi prett gewiescht, awer och dat ass net sécher.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.