Tëscheruff vum Eric EwaldE battere Bäigeschmaach, deen näischt mam Chlor am Waasser ze dinn huet ...

E Freide war de bis ewell wäermsten Dag vum Joer: Eng gutt Geleeënheet also, fir sech an eng Schwämm ofkillen ze goen.Dass et op deem waarmen Dag verschiddene Leit wuel sou waarm war, dass d'Intoleranz an nach méi aus hinnen erausgespruddelt ass, huet den Eric Ewald um eegene Leif erlieft. Hei säin Tëscheruff dozou.

Tëscheruff vum Eric Ewald.



Ech war mat menger Duechter, wéi déi zwee Deeg virdrun och schonn, zu Esch an der Badeanstalt, déi gehollef huet, d'Hëtzt besser z'erdroen. Alles war gutt, bis nom Schwammen de Moment vun der Dusch koum. Ech hunn, wéi meng Eltere mech dat geléiert hunn, geduscht, ouni d'Schwammbox unzeloossen. Elo kann een, wann een de Geck wëll maachen, soen, dass et méi schéin Ublécker gëtt, wouriwwer ech da matlaache géif. Ma ech hunn op eemol a mengem Réck Gejäiz héieren. Wéi ech bei meng Dicher goung, fir mech ofzedréchnen, hunn ech e relativ jonke Mann gesinn, dee sech a meng Richtung hin opgereegt huet. Ech hu just eppes verstanen am Stil „et si jo Kanner hei“, dat géif net goen. Ech hunn de Mann gefrot, wat säi Problem wär, an hien huet erëm op seng Kanner verwisen. Hie verschwënnt, ech ginn, mam Handduch ëm d'Hëft, an d'Kabinn, fir mech unzedoen, denke mer, dass et awer ëmmer besser gëtt, wéi de Mann, dee sengem Akzent no aus Ex-Jugoslawien kënnt, mir an d'Kabinnen nokënnt, mat senge Kanner. Do fänkt hien nees u sech opzereegen, bis ech him soen, a Lëtzebuerg géif een normalerweis ouni Kleeder an d'Dusch goen. Do kréien ech de Saz ze héieren: „Wenn du ein Luxemburger wärst, würdest du nicht so herumlaufen.“ Hunn ech scho relativ lëschteg fonnt. Manner lëschteg war, dass op eemol en zweete Mann, wuel aus dem Maghreb, nieft him stoung, fir mat ze diedegen. Wou deen hierkoum a wat dee mat där Saach ze dinn hat, weess ech net, mä si stoungen zu zwee an der Dier, mat hire Kanner, eng 5m vu mir ewech. Iwwerdeems ech weider mat v.a. deem éischte Mann palavert hunn, fir him z'erklären, wéi dat u sech hei géif lafen, huet hie gemengt, missen ze froen: „Bist du schwul, oder was?“ Dës homophob Ausso, déi weist, „wessen Geistes Kind“ de Mann ass, koum also nach bei seng Intoleranz dobäi. Vläicht hunn ech dofir aus dem Bléckwénkel eng Botzfra verschwanne gesinn, nodeems eng zweet d'Ae verdréint hat, souzesoe fir mer bäizestoen. Kuerz dono waren zwee Schwammmeeschteren do, fir ze froen, wat lass wär. Ech hunn hinnen de Fall erkläert a gefrot, wéi hir Positioun dozou wär. Nodeems mech nach entweder de Mann aus dem Maghreb oder d'kleng Duechter vun deem aneren als Idiot bezeechent hat, goungen d'Schwammmeeschtere mat deene ganze Leit op de Gank. Deen ee Schwammmeeschter koum doropshin zréck a sot mer, hien hätt dem opgereegte Mann gesot, dass plakeg dusche bei hinnen erlaabt wär an de Mann sech, wann dat him net passe géif, eng aner Schwämm misst sichen. Ech hunn dem Schwammmeeschter Merci gesot a si gaangen, mat engem Pak Roserei an der Panz, wéi een op Minetter seet.

Ech sinn e ganz tolerante Mënsch, mä meng Toleranz huet e Freiden, fir d'éischt a 45 Joer an dobäi nach a menger Heemechtsstad, Rëss kritt! Wann ee sech fir sou eppes Normales, fannen ech emol, wéi ouni Kleeder duschen, wéi en Ugeklote virkënnt, ass dat net flott. Ech hat mer bis e Freiden net geduecht, dass dat mer geschéie kéint, dozou am 21. Jorhonnert. Glécklecherweis hunn d'Schwammmeeschtere sou reagéiert, wéi se reagéiert hunn. Nawell bleift e battere Bäigeschmaach, deen näischt mam Chlor am Waasser ze dinn huet! Fir d'zukünftegt Zesummeliewe bedeite Reaktioune wéi déi vun deem Mann, a mengen Aen, näischt Guddes! Et kéint, am zweete Sënn vum Wuert, nach sportlech ginn!


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.