Commentaire vum Guy KaiserLiewen a Gesellschaft ? Weider skeptesch

Et ass d'Woch vun der Rentrée an de Schoulen, wéi ëmmer schéin der Rei no: fir d'éischt déi Kleng, dann déi Grouss. Alles geet säi geuerdente Wee, mat hei an do klenge Ännerungen. Zum Beispill ass et dëst Joer d'Première, datt am Secondaire de Reliounscours an dee vun der morale laïque et sociale ersaat ginn duerch deen neie Cours vie et société. E Commentaire vum Guy Kaiser...

Commentaire vum Guy Kaiser



Den 28. Januar hat ech mech doriwwer bal entwutzt. Ech hat de Verdacht, datt verschidde Verbassener alles dru gesat hunn, fir datt an deem Cours de Begrëff Relioun esou wéineg wéi méiglech sollt virkommen; ouni mech zu de Pafen ze zielen, wor a sinn ech der Iwwerzeegung, datt een e Minimum muss wëssen aus der Geschicht vun deene verschiddene Reliounen, fir sech wéinstens e klengt Bild kënnen ze maachen. Fir den Educatiounsminister war et am Januar d'Geleeënheet, sech viru seng Leit ze stellen.

Domatter hat ech selwer kee Problem, awer éischter d'Enseignanten:zwee Professeren hate mech direkt nom Commentaire an hir Schoulklass invitéiert, fir eng Diskussioun; mam Bréif Meisch hu si Waasser gezunn, d'Diskussioun war eriwwer, éier si ugefaangen hat.

8 Méint méi spéit - d'Gesetz ass ugeholl- d'Iwwerpréiwung am Verglach tëscht dem fréieren morale laïque-Cours an dem neien vie et société: wa fréier e Léierfeld "Die Frage nach dem Selbst" housch, nennt sech dat haut "Ich". " Die Frage nach dem anderen" gëtt "Ich und die Anderen". An esou geet dat weider, ouni déi 6 Stéck alleguerten wëllen opzezielen.

An der Thematik 'Liewensformen, Welt a Gesellschaft' fënnt een tatsächlech de Begrëff "Relioun"e puermol erëm: wat gleeft de Judd, wat gleeft de Chrëscht oder Moslem? Brauch de Mënsch Relioun? Ähnlech Froen ginn et an engem zweeten Themeberäich.

Där ginn et am Ganze 6. All Joer musse verschidde Sujet aus 4 Beräicher am Unterrecht ugeschwat gi sinn, bannent 3 Joer tutti quanti. Den Enseignant däerf sech seng Favoritten eraussichen.

Fir sech e Gesamtbild ze maachen, muss een nach op de Programm waarden an der Primärschoul, mä ech bleiwe méi wéi skeptesch.

Eng Partie Enseignanten am Secondaire fänken elo un mat hirer Formatioun, anerer kommen nach méi spéit un d'Rei. Dat nennt een iwwer de Knéi briechen, oder aneschters: wär et wierklech ze spéit gewiescht, wann een e Joer gewaart hätt? Wär et net souwisou méi sënnvoll gewiescht, mam Programm fir déi Kleng unzefänken? A wee kontrolléiert dat Ganzt? "Vieso" ass nämlech net mat Mathematik ze vergläichen, wou den Enseignant e fixe Programm huet, deen hien bis d'Grouss Vakanz muss gemaach hunn.

Weider heescht et bäileefeg, fir verschidde Beräicher sollt d'Kooperatioun mat anere Fächer gesicht ginn, wéi zum Beispill mat Geschicht a Konscht. Firwat "soll" an net "muss"? D'Kierch-domatter mengen ech elo mol déi kathoulesch- huet am Laf vun 2000 Joer bei wäitem net nëmme Guddes fäerdeg bruecht, ma och Sauereien. Also geet et net nëmmen drëm, ze froen, ob eng Relioun d'Quell ass vu Moral, ma och vun Intoleranz a Gewalt.

Viru 40 Joer goung ech mat Kollegen op d'Strooss, fir nieft der Relioun och de Cours vun der morale laïque ze kréien; en Erfolleg vu menger Generatioun! Ass dat wierklech esou? 15 Joer duerno koum ech zeréck op de Buedem vun der Realitéit: dee Cours war fir d'Kanner Männercher auszepicken a fuerweg ze molen. Seelen war Inhalt dran. De Risk ass grouss, datt e Riselach gaapst tëscht schéine Phrasen aus dem Ministère an dem Alldag an de Schoulklassen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.