Commentaire vum Roy GrotzWa mer en net hätten ... da misste mer e kréien

Wéi wäit dierf en Ausseminister a sengen Aussoe goen? Wéi diplomatesch muss ee sech ausdrécken, wann ee fuerdert, dass Ungarn wéinst senger Flüchtlingspolitik net méi an d'EU gehéiert? Wéi vill "political correctness" muss sinn oder schuet? De Roy Grotz mat Gedanken no ganz gutt iwwerluechten Aussoe vum Minister Asselborn ...

... deen um Pabeier an no der Portefeuille-Opdeelung vun der Regierung eenzeg an eleng fir de Ressort vun der Aussepolitik zoustänneg ass.

Ee Jean Asselborn, deen als Self-made-Politiker awer och keng Geleeënheet verpasst, fir dat Wëssen iwwert d'international Politik esou anzesetzen, datt et him an der Politik vu sengem Haus gutt ze Gesiicht steet.

Datt "de Jang" - wéi jo definitiv jiddereen am Land seet, ausser vläit diskreterweis am Ausseministère selwer - ee Mann ass, dee mam "Bengel" an der Kichen hantéiert, zum Beschte gëtt, wéi hien ouni vill Kleeder wéinst der Hëtzt an engem Charterfliger loung an op all LSAP-Stand rout Loftballone kéint verdeelen, e Mënsch ass, dee vun der Long op d'Zong schwätzt - ass gewosst - gewosst an appreciéiert - op d'mannst bei de Lëtzebuerger Wahlbierger, déi him an all Polit-Sondagë regelméisseg an d'Top 3 vun de Spëtzepolitiker verhëllefen.

Dass dat seng Ministeschkollegen net eleng laachen deet iwwert seng Nonchalance oder säi bewosst Asetze vu politesche Picken ass kloer - ze grouss ass d'Angscht bei de Genossen, datt de Jang 2018 nach eemol untrëtt an dann am Süden "haut la main" natierlech gewielt gëtt - an dann ass de gewënschte Renouveau futsch - den Etienne gëtt nees Zweeten, all Youngsters wéi Taina, Yves, Tom, Tess oder Dan musse sech nach gedëllegen, wa se wëlle laanscht de Stengeforter Jang kommen - een Ausseminister, deen ëmmerhin eng 10.000 Stëmme virum Zweetgewielten MDB loung.

Mä elo emol dohigestallt, datt d'Ungarn-Ausso vum Jean Asselborn bewosst provokativ war a sécher de Nol op de Kapp getraff huet, mä vill Diplomate wuel de Soud kruten, wéi se den Appell un d'Regierung Orban héieren hunn ...

Dohigestallt, datt de Staatsminister Bettel sech net hannert säi staarke Mann aus dem Hôtel Saint-Maximin stellt an esouguer de Parteikolleg Marc Angel sech distanzéiert ...

Dohigestallt och, datt een dem Minister Asselborn säin Ungarn-Bashing kann als Retourkutsch op dem Premier Bettel seng Friddensinitiativ fir den Noen Osten oder deem säin haselege Virschlag fir de G9 vun de klenge Länner an d'Liewe ze ruffen, ka gesinn ...

All dat emol esou gesot a fir wouer oder falsch geholl - schuet de Jean Asselborn als Parteimember awer net senger Faarf?

Misst net och hie sech emol méi nees ëm d'Lëtzebuerger Politik interesséieren amplaz seng Equipe mat Omnibus-Gesetz, Fleegeversécherung oder Trennung vu Kierch a Staat eleng ze loossen? Hei muss dann den Etienne Schneider grued stoen a sech dann nees selwer kucken erauszehiewen, andeems den Zukunftspak op eemol dann awer net méi soll de grousse Worf sinn.

Ass de JA net am Gaangen, sech vu senger Partei esou ofzekapselen, datt se him mat Krämpes muss no leeën, och un d'Zukunft ze denken - an déi sollt jo de Jonke gehéieren.

Dobäi denkt de Jang net drun, mar an d'Pensioun ze goen - a bis dohinner wäerte mer nach vill vun dësen Ungarn-Zeenen an Aussoen aus der Panz eraus an däitschen Talkshowen erliewen - d'Mark Lëtzebuerg huet hire Branding an dat ass sécherlech och hien - wie soss krut schonn zu Liefzäiten e Monument a Form vun engem Film gesat? Emol net de JCJ ... mä deen ass jo mol 2018 kee Konkurrent ...

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.