Commentaire vum Pit EverlingSuergen ëm d'Lëtzebuergescht: Geet en Debat an der Chamber duer?

Et ass e sensibelt Thema: de Gesondheetszoustand vun der Lëtzebuerger Sprooch an hire Rôle an der Gesellschaft vun haut a vu muer. D'Petitioun 698 fuerdert d'Stäerkung vum Lëtzebuergeschen. Si brécht all Rekorder. De Pit Everling mécht sech seng Gedanken.

Ronn 12.000 Ënnerschrëften an nëmmen enger Woch. Dat ass den absolute Rekord, zënter datt et d'Online-Petitiounen um Chambersite gëtt. Do kann esou guer d'Juegd op de Fuuss net mathalen.

Ëm wat geet et? De Petitionnaire Lucien Welter mécht sech Suergen ëm d'Lëtzebuerger Sprooch a fuerdert ënnert anerem Lëtzebuergesch als Amtssprooch. D'Administratiounen, d'Justiz an och de Legislateur sollten an Zukunft zum Beispill verstäerkt op Lëtzebuergesch schaffen. Och an de Schoule misst d'Lëtzebuerger Sprooch méi eng wichteg Roll kréien, esou heescht et an der Petitioun.

Wat den Inhalt ugeet, sinn d'Fuerderungen zum Deel valabel, zum Deel awer och flou an an der Praxis ganz schwiereg ze realiséieren. Denke mer eleng un de juristesche Vocabulaire op Lëtzebuergesch, dee mer vun haut op muer missten aus dem Hutt zauberen.

Reng wëssenschaftlech war et laang net kloer, ob Lëtzebuergesch iwwerhaapt als Sprooch duerchgeet oder ob dat, wat mer schwätzen, dann awer net méi ass ewéi e muselfränkeschen Dialekt.

Net alles, wat gefrot gëtt, ass utopesch. Wat d'Schoul ugeet, wieren zum Beispill duerchaus Efforten dran. Et ass net ze verstoen, datt den Enseignement vun der Lëtzebuerger Sprooch sech dacks op d'Sange vun der Heemecht oder nach op d'Bliederen duerch de Renert limitéiert. Net zu Lescht dem Petitionnaire seng Schreifweis beweist, datt et sënnvoll wier, fir de Schüler eng korrekt Orthographie bäizebréngen, souwäit dat fir d'Lëtzebuergescht méiglech ass.

Loosse mer awer de konkreten Detail vun der Petitioun op der Säit. Well ech mengen, et geet manner ëm deen. Vill méi fënnt wéinst der Initiativ vum Lucien Welter eng net nei allgemeng Sproochen-Diskussioun de Wee zeréck op déi politesch Bühn, déi et scho Joerzéngte gëtt an déi rezent scho beim Auslännerwahlrecht a beim Nationalitéitegesetz eng zentral Roll gespillt huet.

Zënter enger Woch gëtt op de sozialen Netzwierker nees gestridde wéi déi Grouss.

Nieft deenen, déi sech opreegen, datt se beim Bäcker musse franséisch schwätzen, krauche leider natierlech och erëm déi aus hire Lächer, déi pauschal op d'Auslänner klappen, Leit vun deenen de Petitionnaire sech iwwregens distanzéiert. Op där anerer Säit stinn därer – zum Deel sinn et der "mit Rang und Namen" – déi d'Signatairë grad esou pauschal an de rietsen Eck drécken.

D'Petitioun an déi Diskussiounen, déi se ausléist, weise jiddefalls eppes ganz kloer an zwar, datt et e Malaise an eiser Gesellschaft gëtt op deem dote Punkt.

Reng objektiv gesinn ass d'Méisproochegkeet en absoluten Atout an d'Sproochwëssenschaftler soen, datt d'Lëtzebuergescht sou vill gebraucht gëtt ewéi ni, well et iwwerhaapt emol geschriwwe gëtt a well vill Immigranten sech an d'Lëtzebuergesch-Coursen aschreiwen.

Ma dee Message schéngt awer absolut net iwwerall ze gräifen an d'Situatioun am Alldag ka ganz anescht empfonnt ginn.

12.000 Ënnerschrëften, dat sinn der bal 3 Mol esou vill ewéi néideg fir en débat public. Dat bedeit och, datt méi ewéi 2% vun der Populatioun hire Krop gemaach hunn, wat fir eng Petitioun enorm ass, wann ee bedenkt, datt se nach 5 Woche laang kann ënnerschriwwe ginn.

Ob een dat wëll oder net, et ass wuel e Malaise, deen net méi kann ignoréiert ginn. Fir d'Signatairen als eenzel Hännessen ofzestempelen, déi et net besser wëssen, dofir sinn et der einfach ze vill.

Et freet ee sech, ob en débat public an der Chamber dëse Suergen oder dësem Frust vun de Leit ka Rechnung droen.
D'Politik géing awer jiddefalls gutt drun doen, d'Thematik eescht ze huelen a fir d'Zukunft no Léisungen ze sichen, mat deenen alleguerten d'Säite kënne liewen.

Eppes, wat net einfach dierft ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.