Commentaire vum Dany RasquéBrangelina

Eng "Neiegkeet" déi d'Welt schéngt ze beweegen an och net laanscht d'Dany Rasqué gaangen ass, wéi hatt eis de Moien a sengem Commentaire confirméiert.

Déck zwou Woche Congé hat ech mer um Enn vun der Summervakanz gegënnt, zwou Wochen an deenen ech wierklech Näischt vun der Welt wollt wëssen. Schliisslech muss dat och een, zweemol am Joer erlaabt sinn. Et huet souwäit gutt geklappt, bis de leschten Dag. Géint der Owend, ech hat den Handy schonn erëm reaktivéiert, huet deen net méi opgehal ze rabbelen, eng Push Meldung no där Anerer ass ukomm. Ech war mer scho sécher, datt eppes richteg Schlëmmes geschitt ass.....séier nogekuckt -sou vill medial Nervositéit kann ee jo net ignoréieren- an do:

D'Angelina Jolie an de Brad Pitt loosse sech scheeden!

Wahnsinn! Hätt ech op engem Stull gesiess, ech wier wahrscheinlech donieft gefall.

Bësse méi spéit hunn ech de Fernseh ugemaach, dat war dunn den Dag viru "menger" Rentrée och erëm erlaabt an och do huet natierlech d'Schocknouvelle vu viru puer Stonnen dominéiert. Se waren awer schonn all bësse méi wäit, et goung ewell ëm d'Fro firwat. Hien ass friem gaang, mat enger franséischer Actrice, huet Cannabis consomméiert, et goufen Divergenzen an der Fro vun der Erzéiung vun de Kanner a sou virun...alles Rumeuren, déi op verschiddene Sender am Detail analyséiert goufen. Ganz wichteg och de Portrait vun der Staraffekotin, déi d'Angelina Jolie chargéiert huet.

Verréckt.

Ech hunn op den nächste Push gewaart am Style d'Hillary Clinton an den Donald Trump ënnerbriechen wéinst dësen aussergewéinlechen Ëmstänn hire Wahlkampf, mä déi sti wahrscheinlech nach ëmmer ënner Schock.

Ma Schock hin oder hier da mussen d'Leit sech wéinstens net  de Kapp iwwer aner Nouvellen zerbriechen. Zum Beispill iwwert de Bombardement vum Hëllefskonvoi virun Aleppo, oder déi lescht Terrorattacken. Haut op den Dag sinn et iwwregens 6 Méint hier, datt Bommen um Bréisseler Fluchhafen an am Metro an d'Luucht goungen.

Effektiv op déi Manéier gesinn, hunn ech léiwer et dominéiert eng Promi Scheedung, déi mat bësse Chance méi spéit genuch Material fir eng Hollywood Verfilmung liwwert an de Small Talk beim Coiffer oder an der Bäckerei ass mat esou enger Aktualitéit duerchaus och méi agreabel.....schued datt de ganze Rescht trotzdem aktuell bleift.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.