Commentaire vum Claude ZeimetzMoralesch inakzeptabel

D'Vertraue vum Bierger erëmzefannen, ass fir déi traditionell Parteien de groussen Defi, wa se d'Feld net de Populisten wëllen iwwerloossen ...

Wéi wëll eng EU-Kommissioun zum Beispill Multinationalen, Regierungen an de Bierger Moral an Ethik priedegen, wa parallel en internationale Journalistekonsortium annoncéiert, datt déi fréier Konkurrenzkommissärin Neelie Kroes eng Bréifkëschtefirma op de Bahamas geleet huet. Datt d'Madame Kroes net zur aktueller Kommissioun gehéiert, ass do nëmmen e schwaachen Trouscht. Eleng wéinst senger eegener Luxleaks-Vergaangenheet, kann de Jean-Claude Juncker déi nei Revelatioun vum ICIJ net op déi liicht Schëller huelen, mä muss dofir suergen, datt all d'Fakten op den Dësch kommen.

De Commentaire vum Claude Zeimetz



D'Bahamas-Papers sinn net déi eenzeg Ierfschaft, mat där d'Juncker-Kommissioun an der lescht konfrontéiert gouf. Den neie Beroderjob vum fréiere Kommissiounspresident Jose Manuel Barroso bei der amerikanescher Investmentbank Goldman Sachs, fir si an der Post-Brexit-Zäit ze begleeden, war u sech scho genuch Waasser op d'Mille vun de Kritiker. Juristesch zwar ofgeséchert, ma politesch gesinn äussert bedenklech.

Bréissel huet antëscht zwar wësse gedoen, datt een de portugisesche Politiker antëscht wéi all anere Lobbyist behandelt, ma nach ass d'Affaire net ausgestanen. Der portugisescher Zeitung Publico no, hat de Jose Manuel Barroso nämlech an der Vergaangenheet méi Kontakt mat Goldman Sachs, wéi e bis elo zouginn huet, an dat och schonn a senger Zäit als Kommissiounspresident. E Méindeg goung Riets vu produktiven Diskussiounen tëscht de Banquieren an dem Chef vun der Bréisseler Exekutive am September 2013. D'Goldman Sachs-Mataarbechter hätten op vertraulecher Basis kéinte Changementer an der europäescher Politik suggeréieren, déi och mat vill Interêt vum Barroso-Cabinet gelies goufen, sou d'Zeitung. Méi wéi 148.000 Leit haten do virdrun schonn eng Petitioun ënnerschriwwen, an där se fuerderen, datt, wéinst dem Imageschued fir d'europäesch Institutiounen, am Fall Barroso en Exempel statuéiert gëtt. Pensiounsrechter sollten oferkannt an - an dat ass méi interessant - den Deontologiekodex vun der Kommissioun besonnesch fir Ex-Presidenten  a Vizepresidenten verschäerft ginn. Well och den Engagement vun der fréierer Medien- a Justizkommissärin  Viviane Reding bei der Bertelsmann-Stëftung kann een och haut nach als potentiellen Interessekonflikt gesinn.

Fir de Rescht deet Bréissel sech no Jore vu Krisegestioun- fir d'éischt d'Banken, dunn d'Staatsscholden a schliisslech d'Flüchtlingen, schwéier, de Bierger positiv Messagen ze vermëttelen, déi hinnen d'Plus-Value vun der Europäescher Iddi an hirem Alldag méi no brénge géifen. De gratis Wifi an de Groussstied, deen de Jean-Claude Juncker am Kader vun der Lag vun der Unioun annoncéiert huet, ass wuel als klengen Usaz an deem Sënn ze verstoen. D'Enn vum Roaming, engem vun de grousse Prestigeprojeten nach vun der viregter Kommissioun, dogéint, gouf kommunikatiounstechnesch, duerch den Drock vun der Telecomlobby, an de Sand gesat.

Haut dann diskutéieren d'europäesch Defenseministeren zu Bratislava iwwert eng verstäerkte militäresch Zesummenaarbecht tëscht de Memberlänner. Do stéisst et engem schonn e sauer erop wann ee liest, datt d'Verdeedegungsunioun den Ament zimlech deen eenzeg gréisseren europäesche Projet ass, bei deem d'Memberlänner et fäerdeg brénge kéinten, e gemeinsamen Nenner ze fannen. Eng Bankrotterkläerung fir den europäesche Friddensprojet!

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.