Commentaire vum Eric HamusEn Trump geschwënn och an eiser Mëtt?

Knapps 100 Milliounen Spectateure waren an der Nuecht op en Dënschdeg um Rendez-vous, wéi an den USA d'Hillary Clinton an den Donald Trump fir déi éischt Debatt en Vue vun de Presidentiellen am November zesumme koumen. An si alleguerte goufen Zeien, wéi di fréier Ausseministesch sech mat Argumenter an Contenance géintiwwer dem ëmstriddene Milliardär duerchsetze konnt. An awer ginn et ëmmer nees Leit, déi nach op den Donald Trump erafalen. Dat gëtt dem Eric Hamus ze denken.

© Eric Steichen

Onkonzentréiert, onpreparéiert, frech an tockskäppeg, esou kann een d'Prestatioun vum Donald Trump séier ëmschreiwen, während d'Hillary Clinton preparéiert, gefaasst, clever a gewëtzt derhier koum. Je ... Presidentiell. Doranner si sech di meeschten Observateuren nämlech eenz: Dës Debatt huet d'Hillary Clinton haushéich gewonnen. Si huet sämtlech Ouverture genotzt, déi de Kontrahent hir gebueden huet, fir dëse blouss ze stellen. Op d'Froe vum Modérateur hat si argumentativ schlësseg Äntwerten an op d'Attacke vum Donald Trump meeschtens di richteg Reaktioun.

Den Trump huet sech no enger zolitter éischter hallwer Stonn zeréckgezunn a just nach dat gemaach, wat en am beschte kann: sech gebretzt, gepöbelt an d'Hillary Clinton an hiren Äntwerte gesteiert. Delikate Froen ass en aus dem Wee gaangen mat enger Mëschung aus sougenannten "one-liners", Plattitüden an oniwwerluechtem Geprahls. An domadder huet e grad déi Leit virun de Kapp gestouss, déi e vu sech iwwerzeege wollt: nämlech déi ondecidéiert Wieler.

Während d'Hillary Clinton nämlech ganz däitlech genee déi Wieler am Viséier hat, huet den Trump dat gemaach, wat seng eege Supporter vun him erwaarden. Woubäi ee sech wierklech d'Fro muss stellen, wéi een normale Mënsch iwwerhaapt op deen Theater erafalen kann. Spéitstens nodeems sech den Trump selwer als "clever" duergestallt huet, well e keng Steieren an den USA bezilt, misst deene meeschten dach eng Späicherliichtchen opgaange sinn.

An awer ginn et no dëser Debatt nach ëmmer Leit, deenen net opgefall ass, wéi liddereg hire Kandidat iwwerhaapt war, wéi rassistesch, populistesch, fraefeindlech an egoistesch dëse Mënsch denkt. An dat deet mir nees ze denken. Vläit sinn ech och definitiv ze naiv. Ech ka jo nach verstoen, datt een eng Alternative zum Hillary Clinton wëll hunn, déi de politeschen Establishment representéiert, de Status Quo vun delabréierten Industrie-Stied an ethnesche Problemer. Mä den Donald Trump? Nee Merci ... 

Leider sinn antëscht vill Mënsche vun der Politik enttäuscht. Se sinn op deem Ouer daf an gleewe bal alles, wat verschidden Internetsäiten oder selwer erkläerte Medien hinne servéieren. An den USA nämlech gëtt d'Hillary Clinton vu verschiddene Säiten wéi den Däiwel duergestallt, eng Kanner-Mäerderin an Pädophilen-Affekotin. Iergendee seet et, all di aner plapperen et no. An dat weist ee vill méi een déiwe Problem an eiser Gesellschaft. An ech soen bewosst "eiser Gesellschaft", well och mir hei an Europa ëmmer méi Gefor lafen, op Populisten eranzefalen. Politiker oder Leader, déi, wéi den Trump, ganz genee wëssen, datt se d'Onwouerecht soen. Dat awer a Kaf huelen, well di eenzeg Konsequenz dovunner eng Stëmm weider ass vun engem naiven Affer, dat alles gleeft.

Beispill Brexit, Pegida, Éisterräich, Marine Le Pen ... Statistike gi verfälscht, Realitéite verdréint, Versprieche gemaach ... fir se direkt duerno nees ze briechen. An den Dommen ass de Wieler ... Natierlech ass et elo einfach fir eis, iwwert d'Amerikaner ze laachen. Dobäi hu mer en Trump scho laang an eiser Mëtt setzen ... Di nächst Wahlen kommen! Geschwënn och bei ons.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.