Tëscheruff vum Eric EwaldPolice a Justiz a Rou weider schaffe loossen

Wéinst zwee fir Lëtzebuerg méi oder ganz ongewinnte Fait-diverse waren an de leschten Deeg Bäreldeng a Biergem an de Schlagzeilen. Muss een op Grond vun deenen Evenementer elo d'Angscht hunn, dass de Grand-Duché zu engem zweete Chicago gëtt? Neen, mengt den Eric Ewald.

Dat beschaulecht Biergem, Gemeng Monnerech, war bis e Samschdeg v.a. dofir bekannt, eng sougenannt Schlofgemeng net wäit ewech vun Esch, Diddeleng an der Stad ze sinn, eng Kräizung mat e bësse méi Trafic ze hunn an e Kulturzenter mam idylleschen Numm "Beim Nëssert". Dass et grad do um Ufank vum Weekend an engem Auto eng Explosioun gouf, hat ee sech am Dierfchen an doriwwer eraus wuel net erwaart. Dat war als Nouvelle scho verwonnerlech genuch, mä nach net alles: Am Zesummenhank mat deem Knuppert, deen Zeien no schwaach war, koum et nëmme Stonnen drop zu Diddeleng zu enger Perquisitioun, dat nodeems 7 Haiser an der Noperschaft evakuéiert gi waren, a gouf an Däitschland eng Persoun festgeholl. Virgëschter dunn ass dat Ganzt nach méi cocasse ginn, wéi bekannt gouf, dass hannert dem presuméierten Attentat wuel e Fils stoung, dee sengem Papp eppes undoe wollt. Vu spektakulärem Familljesträit war rieds, vu mat deem gréisste Policeasaz zanter Joren am Land, vun enger Persoun, déi mat liichte Blessuren, dorënner Verbrennungen an engem Schock, an d'Spidol koum, jee: Et huet ee geduecht, et wär een an engem méi oder manner schlechten amerikanesche Film, mam Steewee, Biergem, als Epizentrum.

Commentaire: Eric Ewald (4. Oktober)


Dobäi hat ee gemengt, dass een nëmmen Deeg virdrun zu Bäreldeng, Gemeng Walfer, de Summum erreecht hätt. D'Uertschaft, déi dominéiert gëtt vun enger laanger Strooss mat Supermarchéen, Bensinsstatiounen a Fast-food-Restauranten, hat 6 Deeg virum Tëschefall zu Biergem mat zwee am Ufank mysteriéisen Doudesfäll an der Wunneng vun engem Polizist d'Lat ganz héich geluecht. U wat waren d'Schwëster vum Mann an där hire Frënd gestuerwen? Zanter gëschter steet fest, dass am Blutt vun den Doudegen Toxinne waren, spréch gëfteg Substanzen. Deemno schéngt dat erwisen ze sinn, wouriwwer am Ufank scho spekuléiert gouf, nämlech dass de Mann vun der Police seng zwee Affer vergëft hätt, wahrscheinlech andeems en es ënnert hiert Iesse gemëscht huet. An der Tëschenzäit ass de jonke Mann an Untersuchungshaft, et geet dovu rieds, dass d'Gëft aus dem sougenannten Darknet ass, an et gi sech Froe gestallt, ob den Doud vun der Mamm vum Polizist, zwee Joer virdrun am selwechten Appartement, net och aner Hannergrënn huet wéi deemools geduecht. En eventuellen dräifach Mäerder, bis viru Kuerzem Member vun der Police, mat Tatort Lëtzebuerger Strooss, Bäreldeng?

An de leschten Deeg war hei an do Kritik dorunner ze héieren, wéi Justiz a Police kommunikéiert hunn. Wéineg gespréicheg wäre se, housch et; dobäi ass dovun auszegoen, dass net all ze vill Detailer no bausse komme sollten, fir net eventuell aner Leit op domm Iddien ze bréngen. Gëschter Owend huet et och an engem Schreiwes geheescht, weider Präzisiounen zum Biergemer Fall géif et ginn, wann d'Noutwendegkeete vun der Instruktioun net méi dogéint schwätze géifen. Dofir sollt ee Police a Justiz a Rou weider schaffe loossen; a béide Fäll gouf et schliisslech séier Resultater!

Eleng duerch zwou Eenzeldoten, wéi spektakulär se fir eis Verhältnisser och ëmmer sinn, huet Lëtzebuerg nach näischt mat Chicago, der haiteger Haaptstad vum Verbriechen an den USA, ze dinn! Hoffentlech gëtt heiheem just ze vill schlecht Tëlee gekuckt!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.