Tëscheruff vum Nico GrafNix Tëtelbierg-Buch am Verkaf

Si sëtzen op Palette, Palette voll mat Bicher, déi se net ënner d'Leit brénge kënnen, déi vum nationalen Archäologie-Zenter zu Bartreng. Si däerfen zwar Bicher drécken, mä se net verkafen. Iwwer e besonnesch domme Fall iergert sech den Nico Graf an engem Tëscheruff.

Ech hat verlauschtert, datt et eng schéi Publikatioun géif ginn, iwwer de kelteschen Oppidum um Tëtelbierg. Dier wësst vu wat ech schwätzen, nos ancêtres les Gaulois, Sarkozy hin, LePen hier.

Mä Gecken an den Eck, subito, dat Buch interesséiert mech méi wéi d'Rassisten am Frankräich. Well d'Archäologe vum CNRA zu Bartreng et fäerdeg bruecht hunn, den Tëtelbierg mat senger virréimescher Zäit international an Archäologekreesser op d'Landkaart ze hiewen, an zwar mat deene beschte Grënn. Den Tëtelbierg war deemools en iwwerregional wichtegen Handels- a Kommunikatiounszenter, Mënze sinn do geprägt ginn, wahrscheinlech ass héich Politik do gemaach ginn an och a réimescher Zäit war den Tëtelbierg wichteg, ier Tréier hei zur Haaptstad gekréint ginn ass.

Bon, oder vill méi schlecht, d'Buch doriwwer vun de Spezialiste Jeannot Metzler, Cathrine Gaeng a Patrice Méniel, dat Buch dat gëtt et effektiv, mä et kritt een et néierens. Datt mer eis richteg verstinn: et heescht L'Espace public du Titelberg, et ass gedréckt ginn, Käschtepunkt iwwer 30.000 Euro, en Tirage vun 1.000 Stéck, 2 Bänn, am ganzen bal 1.000 Säiten, Zeechnungen, Fotoen, Beschreiwungen, Analysen iwwer ee vun de wichtegste préhistoresche Sitten am Land. An d'Buch kënnt einfach net an d'Distributioun.

Firwat net? Ma jo ganz einfach: den CNRA, de Centre national de recherche archéologique, deen ass keng personne juridique, kann also kee Geld anhuelen, wëll soen, ka net an eegener Regie seng Bicher verkafe. Ech hat elo gemengt, da ginn ech an de Musée a kafen et do. Mä do kréien ech et och net, obschonns se do jo deeër Bicher verkafen. An do gëtt et komesch: well de CNRA ass gegrënnt ginn par règlement grand-ducal vum 24.7.2011 als Centre (Zitat) auprès du Musée national d'histoire et d'art, wat jo eng schéin Gummis-Formuléierung ass. Well et ass net de Musée, deen dem CNRA eppes ze soen huet, mä de Kulturministère.

An do gëtt am Bicher-Fall koppeg: um Site vum CNRA kann ee liesen , eng vun hire Flichten wier (Zitat) publier des ouvrages scientifiques et didactiques. Also just dat, wat se dëser Deeg net kënnen oder däerfen. An da geet et an de règlement grand-ducal kucken, an do steet et anescht, do steet si missten (Zitat) publier des ouvrages scientifiques et didactiques sous réserve de l'autorisation du ministre. Wëll soen, de Premier a Kulturminister Xavier Bettel himself misst derfir suergen, datt dat Buch iwwer den Tëtelbierg endlech ënner d'Leit kënnt. Ech waarden also op eng Invitatioun fir eng Presentatioun, waarden op eng Pressekonferenz mat den Auteuren a mat houfrege Ministeren, Staatssekretären a Beamten, déi sech am wuelverdéngte Glanz vun de Spezialiste matbronzéieren.

Oder sollt et da wierklech esou sinn, datt an dësen Zäite vun identitärem Gebierels kee wësse wëll, wou genee mer hierkommen, mir, déi mer Gaulois waren, ier mer e bësse Réimer, duerno Musel-Franken an duerno Burgunder, Spuenier, Preisen etc. waren, an ier mer haut bleiwe wëllen, wat mer sinn an anscheinend net drun interesséiert sinn, datt mer emol eng Kéier eng keltesch Haaptstad waren, laang ier mer eng Finanzbuerg gi sinn.

Tëscheruff vum Nico Graf


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.