Commentaire vum Jean-Marc SturmGroggy

"Mir mussen Europa de Bierger méi no bréngen." E Commentaire vum Jean-Marc Sturm.

Mär geet den Hutt héich, wann ech dee Saz héieren, ee Saz, dee mir all 6 Méint zerwéiert kréien, wann am Roulement d'EU-Presidence wiesselt. Dobäi ass Europa zum Deel méi wäit ewech vum Bierger wéi jee.

Et gëtt sech intern zerklappt an der Flüchtlingspolitik. Et deet ee sech schwéier d'Baussegrenzen ze sécheren. Um Beispill vun Ungarn geet et deels a Richtung Rietspopulismus. Déi Schëlleg si séier fonnt, mol ass et den Islam, mol Europa, mol déi sougenannte Ligepress: AfD an Däitschland, d'Le Pen a Frankräich mat dernieft engem klenge Napoléon mam Käercher, deen um rietse Bord probéiert, Stëmmen ze fänken.

Et muss een d'Brite lass gi wéinst dem Brexit. Et muss een hoffen, dass d'Geldpolitik vun der europäescher Zentralbank gläich wierkt. Et ass de Chômage an der EU, dee weider Suerge mécht. Net ze vergiessen TTIP a CETA. Zwee Fräihandelsaccorden, déi hannert zouenen Diere verhandelt ginn, ënner Zäitdrock. Zwee Accorden, déi am Mariëland Lëtzebuerg samschdes moies iwwer 4.000 Leit op eng Manifestatioun beweegt kréien.

Europa gëtt schonn ee komescht Bild of, dat vun engem Ris, deen ugeschloen, dee groggy ass.

E Konstrukt, dat probéiert, net ze implodéieren, e Konstrukt, an deem déi meescht Länner den eegene Profit sichen an déi kal Schëller weisen, wann et drëm geet, Solidaritéit ze weisen.

Europa war wahrscheinlech nach ni esou wäit vun de Bierger ewech wéi elo. Et ass ze vill mat sech selwer beschäftegt. Net ze vergiessen Ex-Leit aus der EU-Kommissioun, déi wéi de fréiere Kommissiounspresident Barroso bei ëmstridde Banken wéi Goldman Sachs wiesselen, oder en Neelie Kroes, déi vergësst ze soen, dass se fir eng Offshore-Firma op de Bahamas aktiv war.

Et huet een d'Impressioun, wéi wann Europa zu engem Selfservice ginn ass. Et pickt ee sech dat eraus, wat een arrangéiert. Dat ass net dat Europa, dat ech wëll.

Europa muss onbedéngt d'Kéier kréie Richtung soziaalt Europa, dat och un d'Alldagssuerge vun de Leit denkt. Ech freeë mech schonn op Januar, wann nees eng Kéier d'Presidence wiesselt. Eng Wett, dass do de Saz fält: Mir mussen Europa de Bierger méi no bréngen.

Amplaz esou Platituden unzekënnegen, hätt d'Politik besser, dorunner ze schaffen, dass aus Europa nees e Projet gëtt, deen d'Leit begeeschtert, dee Loscht op méi mécht. Dovunner si mir ganz wäit ewech.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.