Tëscheruff vum Guy KaiserStaatsbudget: Ënnerscheed pur Economie a Politik

No de politesche Reaktiounen op dëse Budgetsprojet ass bal alles gesot. Bal alles! Eise Chefredakter Guy Kaiser huet nämlech och nach e puer Iwwerleeungen....

De Vizepremier huet den Zukunftspak e Feeler genannt. De Finanzminister huet méi wéi eng Kéier dee Pak genannt, fir ze ënnermaueren, datt domatter Suen konnte gespuert ginn, an datt een also sech eng Steierreform kéint leeschten; déi Reform soll jo mat 370 Milliounen am Budget zu Buch schloen, dräi Joer drop wären et der iwwer 520. Den Zukunftspak huet allerdéngs manner abruecht wéi geplangt: amplaz 510 sinn et der nëmmen 436, ma, egal wéi een et dréit a kéiert, et geet enger Partie Leit duer fir d'Argument: de Staat gräift eis mat där enger Hand an d'Täsch, fir eis mat där anerer eppes erëmzeginn.

Aneschters formuléiert: den Effekt vum Zukunftspak ass op alle Fall futsch. Dee grousse Brimborium, deen d'Regierung virun 2 Joer, deemools nei am Geschäft, opgefouert hat, war fir d'Kaz, och ënner Gambia bleift d'Staatsschold: 23,3 Prozent vum PIB waren et 2013, 23,5% solle et sinn am Joer 2020. Déi kopernikianesch Revolutioun gouf an der Intimitéit begruewen. Iwwerspëtzt formuléiert: déi Suen, déi an de Souveränitéitsfong gestach ginn, fir spéider Generatiounen, si gepufft.

Mä, wat solle mir eis opreegen?! Juncker a Frieden sinn déi meeschten Zäit an de Sue geschwomm, loungen dacks fatzeg an de Previsiounen dernieft, déi ablacklech Regierung ass och an enger glécklecher Situatioun.

A wat een der haiteger Equipe muss zegutt halen: d'Investitiounen si mat 2,3 Milliarden extrem héich, Suen, déi néideg sinn, d'Land weider op d'Zukunft ze preparéieren. Dat mécht d'Dräierkoalitioun, an zwar méi wéi déi Regierung virdrun. D'Patronen, déi um Weekend näischt Besseres ze dinn hunn, wéi ze twitteren, datt d'Regierung d'Steierreform als Politik vun der Strenz benotzt, solle sech bewosst sinn, datt och si d'Suen erageblose kréien. D'Patron a fad Economiste solle wëssen, datt e méi héicht Akommes vun de Privatstéit normalerweis och bei hinnen ukënnt. Dat ass den Ënnerscheed tëscht purer Economie a Politik maachen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.