Commentaire vum Eric EwaldAccueil an Integratioun vu Flüchtlingen: net sou schlecht, mä nach Loft no uewen!

E Méindeg hunn d’Ministesch Corinne Cahen an d’ASTI, jidderee fir sech, souzesoen e Bilan gezunn vum Accueil a vun der Integratioun, bis elo, vun de Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg.

Géif een d’Constate vun der Politikerin mat de Propose vun der Associatioun mixen, da kéim eppes quasi Optimales fir d’Asyldemandeuren eraus, fënnt den Eric Ewald am Commentaire vun haut.

De Commentaire vum Eric Ewald (13.10.2016)


 
Strukture fir Refugiéen, déi hätte sollen ofgerappt ginn, sinn nach am Gebrauch, well een op kee Bett verzichte kéint; all d’Strukturen, déi mer hunn, misste benotzt ginn, well mer un de Maximum vun eise Kapassitéiten eru kéimen: Dës Feststellung vun der Integratiounsministesch am RTL-Interview huet de Virdeel, kloer ze sinn. D’Corinne Cahen huet bei där Geleeënheet ënner anerem op d’Virwërf vu Flüchtlinge reagéiert, déi zu Buerschent e provisorescht Doheem fonnt hunn, domat awer net zefridde sinn, virun allem well dat ze wäit vun der Stad ewech wär. D’DP-Politikerin versteet den Asyldemandeuren hire Frust, well si e Liewe virdrun haten a geschafft hunn.
 
Do si mer och scho bei engem Kärproblem vun der zweeter Erausfuerderung fir d'Refugiéen nom Accueil, der Integratioun. Der Ministesch no sinn d’Leit an der Asylprozedur dran, hunn awer nach keng Pabeieren an däerfen deemno nëmme ganz wéineg bis guer net schaffen. Wann een eng Kéier a sou eng Struktur kucke war, da gesäit een absënns Männer, déi d’Luucht aus kucken an net wëssen, wéi se hir Zäit doutschloe sollen. Viru Méint hu se hir Kanner alt nach an d’Schoul bruecht; déi wëssen de Wee elo, a sou brauchen d’Pappe souzesoe guer näischt méi ze maachen. Versetzt ee sech an hir Lag, géif een och geckeg ginn, an engem frieme Land, deem säin Alphabet a seng Sproochen een net kennt, ouni Aarbecht, dat heescht ouni Revenu, an der Ongewëssheet, ob een de Flüchtlingsstatut kritt oder net. Fir d’Corinne Cahen kréien dës Leit wuel Couren ugebueden, déi awer net vu moies bis owes daueren; dobäi wëllen dës Mënschen, legitimerweis, virukommen, nodeems et an hirem Liewen zu engem net gewollten Neiufank koum.
 
D’Integratiounsministesch huet e weidere Problem ugeschwat, nämlech dass eng 30% unerkannte Refugiéen net aus de Foyeren eraus sinn. Do begéine si dem Problem Wunnengsmaart, dee scho bei Lëtzebuerger fir Kappzerbrieches suergt; fir Flüchtlinge schéngt dat en Everest ze sinn, wann ee gesäit, dass et 3 vun 10 net gelongen ass, erauszekommen. Dobäi wësse mer, dass et den Däiwelskrees keng Aarbecht-keng Wunneng/keng Wunneng-keng Aarbecht gëtt, ënnert deem schonn d’Sans-abrien ze leiden hunn. D’Sans-abrien, ëm déi sech iwwregens, Klamer op, op de sougenannte sozialen Netzwierker de Moment vill Suerge gemaach ginn, wat nei ass; elo sinn d’Leit do méi géint Refugiéen, Klamer zou.
 
Iwwerhaapt ass den Näid Leit géintiwwer, déi heihi koumen, fir hiert Liewen ze retten, erschreckend. Ech krut en e Samschdeg mat, vis-à-vis vun engem Grupp vu jonke Flüchtlingen: “Déi hunn all en Handy” an “Déi sinn awer net schlecht ugedoen” ware Remarken, déi ech mat-, respektiv zougedroe krut. Musse se da wéi Säckdréier ronderëm lafen an ouni GSM, fir dass mir eis besser fillen? Do feelt et, trotz dem groussen a remarkabelen Asaz vu ville Benevollen, um Versteesdemech!
 
Dat, wat d’ASTI ënner anerem fuerdert, ass op alle Fall richteg: Et brauch an der Haaptsaach méi Personal an der Immigratiounsdirectioun, fir d’Dauer vun der Prozedur vun am Prinzip 6 Méint reduzéiert ze kréien, Dauer, déi bal ni géif agehale ginn. Fir dass, wéi d’Associatioun fënnt, d’Refugiéen net ouni Zukunftsperspektiv an ouni Kontakt zur Gesellschaft, déi si ophëlt, vegetéiere gelooss ginn, wat, wann een an d’Strukture kucke geet, der Realitéit leider relativ no kënnt!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.