Commentaire vum Nadine GautierD'Krisen, d'Medien an den Interessi vun de Leit

Et si Biller, déi ëm d'Welt goungen an déi beréiert hunn. Vum klenge blesséierten Omran zu Aleppo, dee verstéiert ëm sech kuckt, oder och nach d'Bild vum 3 Joer alen Aylan Kurdi, dee mam Gesicht no ënnen dout op enger tierkescher Plage läit. D'Nadine Gautier huet sech e puer Gedanken dozou gemaach.

Wat beréiert eis nach, froen ech mech heiansdo. Seelen héieren ech op ëffentleche Plazen, wéi an engem Restaurant oder Café, um Dësch niewendru vun enger vun de schlëmmsten humanitäre Krise schwätzen. Seele gëtt do iwwert Aleppo, de Yemen oder iwwert Haiti geschwat, wat jo niewent sengem alldeegleche Misär duerch den Hurricane Matthew massiv gelidden huet. Vläicht si Restauranten och déi falsch Plazen, esou e Sujet unzeschneiden. Mä d'Fro stellt sech och: Ass den Interessi vläicht guer net do?

Spillt do vläicht och d'Distanz eng Roll? Wat en Event méi wäit ewech ass, wat mir eis manner dofir interesséieren, eis manner concernéiert fillen. Wahrscheinlech. Wat geet et eis och un, ob arem Länner wéi Haiti oder de Yemen am mäerderesche Chaos ënnerginn. Politesch gesi kann et eis jo vläicht nach egal sinn, mä mënschlech net. Do gi Leit ëmbruecht, verléieren hiert Doheem a Famillje ginn auserneegerappt. An, jo, e gudden Deel droen d'Medien dozou bäi, datt iwwert dee Sujet bal net geschwat gëtt. Hu mir vläicht ze vill iwwer Syrien bruecht? Ze vill iwwert dee Misär, datt d'Leit net méi captivéiert ginn. Yemen, Syrien, Irak, Nigeria, Sudan ... Déi Fro huet sech och de Stern gestallt. An huet déi lescht Woch en Dag laang näischt gesot, just Biller schwätze gelooss. Haut geet et net ëm d'Ausmooss, ëm d'Klicks oder ëm eng effizient Kommerzialisatioun, esou de Stern, haut geet et drëms, en Zeechen ze setzen. Stomm.

Virun e puer Wochen huet d'BBC e Reportage publik gemaach, wou Kanner am Yemen erhéngeren. Et si Biller, déi mir perséinlech Tréinen an d'A gedriwwen hunn. Op den Noriichtenagencë gouf iwwerall vun deem grujelegen Video geschwat. An den Dag drop? Praktesch näischt méi. Just nach d'Loftugrëff sinn Thema. De mënschlechen Aspekt awer gouf praktesch komplett ausgeklammert.

V'läicht wier et och falsch, just op de Pathos ze setzen. Da stumpfen d'Leit och of. Syrien ass do dat beschte Beispill. Wann d'Leit eng Situatioun, déi ëmmer nees opkënnt, ëmmer erëm virun A gehale kréien, geet den Interessi erof. Aussergewéinlech Saachen, déi exzeptionell sinn, do gëtt dem Mënsch säi Virwëtz nach befriddegt.

Just nach vu politeschem Hin an Hier an de Konflikter ze schwätzen ass, menger Meenung no, awer dee falsche Wee. Ob d'USA a Russland ëm en Dësch setzen, fir ze verhandelen, dierft den normale Bierger kaum interesséieren, leider. Mä wéi d'Leit nees méi op déi brutal Kricher opmierksam maachen? Et ass eng Sakgaass. Egal wéi d'Journalisten un d'Saach eruginn, si kënnen et an deem Fall ni richteg maachen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.