Tëscheruff vum Guy KaiserZukunft vum Nicolas Schmit steet an de Stären

Et gëtt weider ëm d'Zukunft vum Aarbechtsminister spekuléiert. Hien hätt jo gären d'Plaz vum Henri Grethen um europäesche Rechnungshaff. Ma zanter dem Interview vum fréieren DP-Politiker haut an der Mëttesstonn op eiser Antenne steet d'Zukunft vum Nicolas Schmit méi wéi an de Stären. An deem Kontext, e puer zousätzlech Froen vum Guy Kaiser

Wann een den Henri Grethen esou héieren huet, an de Mikro poteren, da kënnt een zu der Konklusioun: et ass gelaf. Dem Mann seng Chance stinn net zum Allerbeschten, neie President vum Verwaltungsrot vun der Spuerkeess ze ginn.
Dobäi kann ee sech d'Fro stellen, ob iergendeen Diplom esou wichteg sollt sinn an der Qualifikatioun fir dee Posten? Et kann ee sech och grad esou d'Fro stellen, wat dann elo de fréiere Chef vum OGBL legitiméiert, als Member am Verwaltungsrot vun där nämmlechter Bank ze sëtzen? Villäicht war d'Fro un den Henri Grethen och tatsächlech esou ze verstoen: d'BCEE ass eng systemesch Bank, wéi gesitt Dir déi aktuell Zesummesetzung vum Conseil d'administration?
Do kann een dann déi nächst Fro weiderreechen un d'CSSF, d'Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz: wat sinn dann elo  d'Conditiounen, respektiv d'Qualifikatiounen, fir Member oder President ze ginn vun enger a) normaler a b) systemescher Bank?

Et schéngt awer net, wéi wann d'Regierung hire Plang opginn hätt; et héiert een allemol vun enger Zort Lobbyismus zu Frankfurt, fir datt de Wiessel awer nach kéint duerchgezu ginn. Mä, just ugeholl, den Henri Grethen mécht de Wee fräi fir den Nicolas Schmit, da muss dee jo och nach säin Test an enger Kommissioun vum europäesche Parlament bestoen. Mat engem eventuelle Regierungsremaniement ass also kaum viru Chrëschtdag ze rechnen.
An ugeholl, et klappt net, da kann den Henri Grethen do sëtze bleiwen, wou hien ass, an den Nicolas Schmit ass ugeschloen: e Minister, deen d'Flemm huet matt der Politik, ass kee Minister méi.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.