Commentaire vum Dany RasquéAmtsmidd

"Dierf e Minister sech net och fir eng aner Plaz intresséieren, ouni datt en direkt virgehäit kritt, keng Loscht méi ze hunn?" Eng Fro, déi d'Dany Rasqué de Moien a sengem Commentaire opwerft.

Fir et virop ze soen:

Wann ee keng Loscht méi huet Minister ze sinn, da soll ee goen an net u sengem Stull peche bleiwen, just well een net weess, wat ee soss mat sengem Liewe soll ufänken oder well een ongär op säi Salaire verzicht.

Commentaire: Dany Rasqué (20. Oktober)


Wann ee keng Loscht méi huet, da soll ee Plaz maachen, Plaz fir eng aner Persoun, déi motivéiert ass a mat neiem Elan iwwerhëlt.

Beim Aarbechtsminister Nicolas Schmit schéngt dat awer net de Fall ze sinn. Hie krut dëser Deeg jo vu riets a vu lénks reprochéiert, d'Flëmm als Minister ze hunn, d'CSV huet souguer an engem Communiqué geschriwwen et wier en oppent Geheimnis, datt den Nicolas Schmit amtsmidd wier.

Hie selwer behaapt awer de Contraire. Ech si ganz domadder averstanen, datt een him dat net gleewe muss, mä hien ass awer nu mol ouni Zweiwel, deen deen an deem heite Fall am beschte Bescheed weess.

Jo den Nicolas Schmit intresséiert sech fir eng aner Plaz, jo hie kéint sech virstellen, d'Cour des comptes ze wiesselen.

Mä ass dat esou verwerflech, wann e Politiker zou gëtt, datt e sech och nach fir aner Beräicher wéi Politik intresséiert? Datt et fir hien nach e Liewen no der Politik gëtt?

A wann een nach aner Intressien huet, heescht dat dann automatesch, datt een es genuch huet, mat deem wat een elo mécht? Oder kann dat och heeschen, datt ee seng Aarbecht zwar gär huet, mä eppes anescht nach léiwer géif maachen?

Soulaang e Minister, ob dat elo e rouden, e bloen, e gréngen oder e schwaarzen ass, seng Aarbecht mécht, si seng aner Beruffswënsch mir am Fong geholl, sou laang wéi breet.

Et ass e Mënsch wéi en aneren och an et ginn tatsächlech Mënschen, déi an hirem Liewen Ambitiounen hunn. Ech fannen problematesch gëtt et u sech eréischt, wann een déi net méi huet.

Et ass effektiv net déi éischte Kéier, datt am Gespréich ass, datt den Nicolas Schmit d'Regierung well verloossen, dat gëtt schonn zënter Joeen ëmmer erëm gezielt. An där ganzer Zäit huet hien awer seng Aarbecht gemeet, d'Chômage-Zuelen sinn och net duerch de Plafong gaang, am Contraire, si sinn erofgaang an am Allgemengen huet den Nicolas Schmit ni den Androck gemeet, datt him alles egal ass an datt hien just a sengem Büro setzt, fir sech d'Féiss ze wiermen.

A genee dofir fannen ech och, datt een den Ament de Ball mol flaach hale soll. Dat wat een him virgeheie kann, dat ass, datt en dat wat en ugefaang huet, vläicht net fäerdeg mécht. Den Nicolas Schmit hätt sech och no -oder nach besser- virun de leschte Wahlen kënnen iwwerleeën, ob en nach eng Kéier 5 Joer laang Minister wéilt sinn oder net.

Op där anerer Säit ass et awer och net deen éischten, deen en cours de route decidéiert, säi Mandat net fäerdeg ze maachen a méi wéi sécher och net dee leschten.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.