Commentaire vum Claude ZeimetzHält d'Reform, wat se versprécht?

D'Gesetz ass viru bal 2 Wochen duerch d'Chamber gaangen. Zanterhier dierfte vill Koppelen, bei deenen Nowuess ënnerwee ass, am gaange si mat rechnen a mat vergläichen. Hält d'Reform vum Congé parental da elo wat versprach gouf? E Commentaire vum Claude Zeimetz.

Eng Reform, am Fong all Gesetz muss un deem gemooss gi wat et konkret bréngt awer och un deem wat annoncéiert gouf. Beim Congé parental gouf de Leit méi Zäit, méi Flexibilitéit an och méi Sue versprach. Kloer ass d'Reform war wichteg a richteg a bleift ënnert dem Stréch eng däitlech Verbesserung fir de Gros vun de Concernéierten.

Commentaire: Claude Zeimetz (25. Oktober)


D'Gesetz vun 1999 huet eleng dowéinst missen op de Leescht geholl ginn, well den allgemenge Forfait fir 6 Méint well laang schonn ënnert dem soziale Mindestloun louch. Positiv ass, datt d'Alterslimitt vum Kand op 6 Joer eropgeschrauft gouf, wat den Eltere méi Spillraum gëtt. Positiv och déi nei Flexibilitéit, déi no zéie Verhandlunge mam Patronat an d'Gesetz erageschriwwe gouf. Datt d'CSV elo higeet an op nach méi Flexibilitéit pocht, dat ass scho bëssen affrontéiert. Wann een aneren d'Viraarbecht gemaach huet, dann ass et éischtens einfach. Zweetens kann een op dëser Plaz och nach emol drun erënneren, datt et keen anere wéi de Finanzminister Frieden war, deen de Congé parental 2007 vu 6 op 4 Méint kierze wollt. Datt een elo dës Optioun fräiwëlleg wiele kann, ass eng aner Saach.

Ganz interessant awer gëtt et ze gesinn, wéi vill fractionnéiert Congés parentalen effektiv geholl a virun allem wéi vill der refuséiert wäerte ginn. Datt de Patron, dee jo awer och plange muss, säin Accord muss ginn, stellen ech sécher net a Fro. Ma de Chiffer vun de Refuse muss op alle Fall an de Bilan an 3 Joer mat erafléisse fir ze gesinn ob d'Gesetz wierklech dat hält wat et versprécht. An deem Kontext bleift ze hoffen, datt déi Concernéiert de Formulaire vun der Zukunftkeess och wierklech komplett ausfëlle fir datt déi zoustänneg Instanzen duerno op dës Donnéeën zeréckgräife kënnen.

Op den éischte Bléck ganz positiv ass och de finanzielle Volet vun der Reform. 1.710 Euro, do ass a bleift jidderee sech eens, sinn net duergaangen. Méi problematesch gëtt et awer, wa bis op emol eraus kënnt, datt net jidderee mat der gestëmmter Reform besser ewechkënnt wéi bis elo. Gouf et bewosst verstoppt, oder net? Op alle Fall ass awer net däitlech genuch doriwwer kommunikéiert ginn. Sécher, déi allermeescht Leit wäerten an Zukunft méi Sue kréie wéi bis ewell. Ma 3.200 Euro fir e ganze Congé  parental, wann ee ganz schafft, gëtt et net. Leit mat héije Revenue wäerten d'Differenz Brutto-Netto, dat ass logesch, am meeschten ze spiere kréien. Datt revenu de remplacement effektiv "Brutto" bedeit, huet sech awer nëmmen am Laf vun der Diskussioun erauskristalliséiert. Wat de Prinzip vun engem revenu de remplacement konkret fir Leit bedeit, déi 30, 20 oder 10 Stonnen d'Woch schaffen an en neie Congé parental ufroen, och doriwwer goung an den Discourse séier wéineg Rieds. De Paradigmewiessel, deen hannendru stécht, war laang net bei jidderengem ukomm. Quitt datt och d'Press net genuch op Zack war fir deen Aspekt erauszeschielen. Duerfir bleift e gewësse batteren Nogeschmaach, datt de Message dee vehikuléiert gouf, zwar net falsch war, awer nëmmen een Deel vun der Wourecht erëm ginn huet. Well ënnert anerem fir Elteren déi hallef schaffen, meeschtens sinn dat nun mol Fraen, an e Congé parental ganz huelen, bréngt deen neie System eng finanziell Verschlechterung.

Dobäi konnt ee sécher driwwer streiden wéi korrekt et an der Vergaangenheet war, datt de Congé parental fir verschiddener an der Vergaangenheet méi lukrativ war wéi de Montant vun hirer Pai. Datt dat elo net méi sou ass, hätt awer op d'mannst misse méi thematiséiert ginn. Ma d'Reform huet eben prioritär op Männer a Persoune mat héije Paien, déi also och meeschtens plein-temps schaffen, ofgeziilt. Duerfir gouf et jo och Argumenter. Datt anerer an Zukunft méi schlecht do stinn, dat ass da wuel e Kollateralschued.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.