Tëscheruff vum Guy KaiserNach e gutt Stéck Wee

Mam Serge Wilmes als neie President wëll d'CSV an der Stad zeréck un d'Muecht um Knuedler. Mä bis dohinner bleift nach e gutt Stéck Wee ze goen, mengt de Guy Kaiser...

Déi gutt Zäiten si scho méi laang eriwwer fir de Stater Verband, wéi ën och genannt gëtt. Viru 40 Joer woren nach bal 35 Prozent vun de Stëmmen dran, knapp virun der DP, an zanterhier huet sech d'Verhältnis dramatesch ëmgedréit.

D'Demokratesch Partei dominéiert haushéich, eng blo-schwaarz Koalitioun gouf virun 11 Joer duerch en neien, e grénge Partner ausgetosch. D'CSV huet sech déi lescht Joer als midde Veräin gewisen, ouni Saaft a Kraaft. Keng Iddien, keen Asaz. De Serge Wilmes wäert et net einfach kréien, ëmsou méi, wou d'Märei gutt gefouert ass. D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet extrem Erfahrung, féiert d'Haus souverän a kann op excellent Servicer zeréckgräifen. Et gëtt also deementspriechend schwiereg, Kritik do unzesetzen, déi de Bierger kann novollzéien. Souguer déi vill Schantercher wäerten do politesch net vill bréngen. Et ass sech also net ze erwaarden, datt d'CSV eng frontal Attack op d'DP mécht, éischter op dee klenge Partner, déi Gréng. Ma och si hu bis ewell e Parcours sans fautes hannerluecht, an d'Partei huet duerchaus en treie Kärstack vu Wieler. Et wäert wéi gesot, net einfach ginn fir déi Chrëschtlechsozial, den neie Kaperol muss seng Truppen voll mobiliséiert kréien. Dat, wat der CSV kann zouspillen, ass engersäits de Fait, datt d'Sozialisten an der Haaptstad och net grad déi Äerdegst sinn, anerersäits, datt d'Stad Lëtzebuerg nawell gäre wëll e politescht Géigegewiicht op nationalem Plang duerstellen: wann déi Schwaarz-Orange déi lescht Joerzéngte staark waren an der Chamber, goufen si permanent um Knuedler geschwächt; ëmgedréit ass et wouer gewiescht fir déi Liberal. Op de politeschen Inhalt vum Stadverband waarde mer gespaant.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.