Tëscheruff vum Guy KaiserE Kommunikatiounskrich ouni Récksiicht op Verloschter

Et huet näischt mat Trennung vu Kierch a Staat ze dinn, ma de Guy Kaiser muss gestoen: Hien ass grad an de leschte Joer manner gleeweg ginn.

Mäi Gott, den Hermes, Gott vun der Kommunikatioun, fänkt un, op sengem Sockel ze wackelen. De gudde Mann hat jo deemools och just d'Decisioune vum Chef Zeus un ons Normal-Stierflech weider ze vermëttelen; dat war eng Info héchstens all puer Méint. An haut? Mir erstécken dran! Et fänkt u mat der Beschreiwung vun der neier Wäschmaschinn, Trockner, Kaffismaschinn, Handy an esou weider. Wee vun eis ka behaapten, déi kleng a grouss Ziedelcher alleguerte gelies ze hunn? Keen! Medikamenter schlécke mer, ouni déi net onwichteg Info am Päckelche mat der Lupp gekuckt ze hunn, an den neien Auto maache mer wéi gewinnt mam Schlëssel un, wäert scho klappen! All déi Infoe lafe laanscht eis an da kënnt nach d'Iwwerschwemmung derbäi aus de sozialen Netzwierker: Hei en Angela Merkel, déi soll am Gaange sinn, sech ze blaméieren; do e Vladimir Putin als totalen Diktator; nach séier senge Frënn op Facebook e schéine Weekend gewënscht an da lass an den Hades, an d'Unterwelt, a mol jidderengem esou richteg d'Wourecht gesot, vun der Long op d'Zong, mat flénke Fanger d'Ongerechtegkeeten op dëser Welt un de Pranger gestallt. E Kommunikatiounskrich ouni Récksiicht op Verloschter, ëmmer méi dacks ouni Récksiicht op säin eegene Respekt, seng eege Credibilitéit.

Commentaire: Guy Kaiser (27. Oktober 2016)


Nach ni gouf de Mënsch esou massiv vu Kommunikatioun bombardéiert, nach ni gouf hien esou wéineg domatter eens. Wee vun eis huet dann déi vill Säite vu CETA an TTIP gelies? Déi Allerwéinegst, fir net ze soe bal keen, an an der Belsch war et och net keen, dee schëlleg ass, ganz Europa ze bremsen. D'Stäerke vun der Regionalpolitik ass also och net grad dat Gielt vum Ee! Déi verschidden Anti-Reaktioune sinn dacks op e Bauchgefill limitéiert, am Genre: Ech wëll kee Poulet, dee mat Chlor ofgewäsch gouf, ouni ze hannerfroen, wat dann dobäi esou schlëmm soll sinn?! Schliisslech iesse mir zanter Joerzéngten Zalot, déi mat verdënntem Eau-de-javel gespullt gouf, fir datt si am Plastik laang gréng bleift! Wee vun eis kennt d'Situatioun zu Aleppo gutt genuch, fir eng eescht Diskussioun driwwer ze féieren? Quid mat der Ukrain? Dem Noen Osten? Dat beschte Beispill ass wuel d'Flüchtlingsproblematik: hei Booter, déi mat Mënschen ënnerginn, do Grenze mat pickegem Drot, tëschenduerch en Attentat, mir verstinn et net, mir hunn Angscht a reagéieren deementspriechend.

An da geet d'Vollek hin - deem nogesot gëtt, et wier suprême - a wielt eng Insel aus der europäescher Unioun eraus. Jo, munnechmol hunn ech wierklech d'Impressioun, d'Kanäl vun der Kommunikatioun wieren zou - hermetesch.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.