Commentaire vum Nico GrafDuerf a Kierch

Dach, dach, d'Land huet aner Problemer. A méi grousser. Mä de geplangte Kierchefabricke-Fong ass och derwäert, driwwer nozedenken. De Commentaire vum Nico Graf!

Duerf a Kierch / Commentaire vum Nico Graf



Et war ëmmer e koppege Spréchelchen, deen di jonk Leit vun hiren Eltere matkruten, wa se op de Bal gaang sinn, Maach datt d'Kierch am Duerf bleift! housch et. Ech hunn e selwer e pur Mol ze héiere kritt an am Fong ni richteg verstan. De Sënn war iergendeppes wéi, iesst net ze vill, sauft net ze vill an net ze vill Sex, gelu. Dat ass awer alles net gesot ginn, et huet ee sech dat missen denken, et war ee vun den typesch Lëtzebuergesch verschimmten Uerderen, déi sech unhéieren hunn, wéi wa se däitlech wären an dat awer op kee Fall waren, fir datt ee net och nach op Iddië komme sollt. Eng ural Form, engem e schlecht Gewëssen ze maachen, nach ier een eppes gestiicht hat. En anere Spréchelche vum selwechte Genre ass dësen: Bleif propper, Meedchen! Do geet et och net drëms, datt d'Meedche sech virum Iessen d'Hänn wäsche sollt. Schéck Dech!, ass och esou en Uerder an Komm net op domm Gedanken!

Wourëms et ëmmer goung, dat war d'Muecht iwwer d'Käpp, d'Muecht iwwer d'Gefiller. Duerfir gouf ëmmer de präventive béise Fanger gewisen. Et war déi kathoulesch Muecht iwwer d'Mënschen, Muecht bis an den intiimsten Detail. Et goung drëms, d'Muecht vun der Kierch ze sécheren. Dee Muecht-Apparat hat hei am Land déi bekannte Ramificatiounen: also CSV-Regierung, Beamtenapparat, Bistums-Zeitung, LCGB, Fraen a Mammen, Katholischer Männerverein, Gesangveräin – de beschtbekannten CSV-Staat. D'Kierchefabricke gehéieren och an déi Opzielung, sinn awer ëmmer nëmmen e butzegt Element gewiescht. An och nach e bëssen e komescht, schonn eleng wéint dem Numm. Fabrizéiert hu se jo näischt. Oder dach, eben matgeschafft un der Muecht iwwer d'Käpp. An d'Kierchefabricke maachen elo wéint dem geplangte Fong, an deem se opgoe sollen, e Gedäisch, wéi wann d'Welt ënnergoe géif. Vläicht, well si bal de leschten Deel vun enger Welt sinn, déi effektiv ënnergaang ass. Kee weess et besser, wéi de Bëschof a seng puer Paschtéier, datt d'Kierch d'Leit verluer huet. Se verluer huet u méi liberal Gewunnechten, un den allmächtege Supermarché, un den Tripartissem, un Televisioun an Internet. D'Leit aus de Kierchefabricke mat all hirer Roserei géint den eegene Bistum, déi sinn do eppes wéi déi lescht Resistenzler. Wat si opféiere kënnt engem vir, wéi e Combat d'Arrière Garde an engem verluerene Krich. Bis een da méi genee kucke geet, wat do eigentlech lass ass. Datt d'Katholiken do ënnereneen décke Buttek hunn, ass jo evident. Evident och, datt dem Äerzbistum seng SYFEL-Kreatur deem Bistum vun der Léngt gaang ass an elo monter op eegene Patte stoen a mat eegne Kralle kraze wëll.

Mä wie sinn déi bellikös Tippe vum SYFEL eigentlech? Wien do d'grousst Wuert féiert, dat si Männer, gro al Männer, ënner hinne ganz vill CSV-Notablen, hei e fréieren Inneminister an do pensionéiert Premiers Conseillers de Gouvernement, CSV-Kandidaten an has-been-ën, déi sech beruff fillen an aner Leit geruff hunn, déi mam Kapp wackelen an dat denken, wat se gesot kréien, datt se denke sollen. Fréier sinn d'Gemengen esou regéiert ginn, also vun de lokale Notablen, vum Notaire, vum décke Bauer, vum Paschtouer, vum Schoulmeeschter. Déi Rescht-Aner hu sech geschéckt, haten emol eppes ze beichten, hu gemaach, wéi d'Leit, da goung et hinnen, wéi de Leit, also schlecht. Dat 19. Joerhonnert huet hei jo bis déif an d'60er Joer vum 20. Jorhonnert gedauert.

Wat verwonnert, datt ass datt, d'Kierchefabricks-Herren esou onheemlech gär mam schnöde Mammon spillen. White Cash, quoi. Et ass kathoulesche Monopoly, mat emol méi emol manner déckem Goss, Geschäfter mat Promoteuren, Appartementshaiser, Aktien, Terrainen, Ierfschaften an Donatiounen. Ouni, datt et bei hinnen awer perséinlech Beräicherung géif ginn. Et geet also net wierklech ëm de Fric. Conclusioun: et geet nach ëmmer ëm Muecht, ëm d'Muecht iwwer d'Käpp. Kee weess dat besser wéi d'Koalitiounspolitiker, duerfir wëlle si Kierch a Staat – déi al siamesesch CSV-Zwillingen – ausernee schneiden.

De Jean Spautz sot, mam Fong soll d'Kierch kleng gemaach ginn. Déi ass scho kleng an eidel a nach just e Gebai am Duerf. An den Spautze Jang ass en ale Fuuss an hie wëll oflenken; hien huet nëmme Kierch gesot a wollt soen, Kierch an CSV solle kleng gemaach ginn.

Recht huet en. Am Fong.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.